Grrrr.... Weess du dass ech elo Googlen gaangen sinn fir ze wëssen wat "morantesch" heescht... ---- d'Foto gefällt mir awer och ganz gutt, richteg morantesch wéi d'Carole mengt.... )))))))
Mol net... Et muss een schon "morantesch" antippen, dann fënnt een nach aner lëtzebuergesch Siten wou dat Wuert gebraucht ginn ass. An bei engem steet "romantesch-morantesch".... Jo... an do huet et Klick gemeet.... (Awer den lëtzebuergeschen Spellchecker am Firefox proposéiert och "romantesch" als alternativ).
Extra ... hat dat och welles de morjen mé ech hunn Rodange geméét.
D'Streck vun Koplescht op Mersch ... am Besch bei Schoenfels... Herrlesch wann d'Sonn do ass mat e bessi Wolleken .. Wan én och nach dohinner gét Morjes mamm Niwel waert dat dei SW Foto ginn
http://www.photogen.lu/view.php?id=44472
Blend 2.8 wëll eng relativ oppe Blend an der Liichtsituatioun eng speziell Wierkung huet, an déi verdreemten Stëmmung ënnerstëtzt..
....a wëll ech mat mengem 85/1.8 heiansdo erausgin, an dann nëmme mat Blend 1.8 bis 2.8 fotograféieren. Daat mecht eben Spass