Dës Fotoen sinn an engem ale Prisong gemaach ginn zu Dublin, dem "Kilmainham Gaol". Eng ganz interessant Plaz, wou een nach derbäi vill iwwert d'Geschicht vun Irland léiert.
Eine spannende Location und Doku! Das letzte Bild wirkt durch deine zentrale Perspektive bzw. durch die Symmetrie zudem sehr ästhetisch!- Die Tonung hätte nach meinem Geschmack etwas dezenter ausfallen können (ist aber Geschmackssache ).
Jo gutt méiglech, och wann ech do nach net war Mä ass eng typesch Touristen-attraktioun. Fir déi läscht Foto hun ech och laang musse waarde bis all d'Leit endlech raus waren.
Ech hun déi läscht hei och net fir näischt als Haaptfoto gesat, et ass mer virun allem ëm déi gaang, awer de Recht derbäi hun ech och interessant fonnt ze weisen, och wa se net un déi läscht eru kommen. Merci
Eng flott Plaz a schéi Biller. Di lescht bestécht duerch d'Symmetrie an d'Trap no uewen! Gefält mer immnes gutt.
( Wéi gesäit déi faarech aus, hunn ech mech gefrot. )
Faarwech gefält se mir nach besser, besonnesch well hei d'Metallkonstruktioun esou schéi gro-blo ass an doduerch e kale Konstrast zur bronger Mauer bitt. ( Kéint een op PS nach liicht verstäerken. )
De Feierläscher an di Kodel misste fort, de Stull kéint eventuell stoe bleiewen.