daat as zwar wouer well ..............
weinstens schreiwen leit bessi heihin et nerft mech einfach das keen vun baal 900 leit eppes schreift....................grrrrrr
Mee fier mech kënnt bei dëser Foto och nët richteg eng Atmosphär an och keen Gefill eriwer!
Mee et géif mech wierklech interesséiren wéi en Gefill/Atmosphär dass du dann wolls äusdrécken...
ech krutt déi Foto déi ech elo als Userfoto gelueden hun refuséiert, well een, an aaneren Wierder, méi wéi nëmmen eppes waat do steet Fotograféieren soll. daat verstin ech jo och.
ech well deng Foto net an Fro stellen mee ech gesin elo den Enerscheed net, an ech well mech gaeren beléieren loossen
et waren aaner Wierder déi ech net mei hun , mee ech hun verstanen dass ech daat waat do luch einfach nemmen esou ofgeknipst hun, ouni mir vill Gedanken ze machen. Dobai hun ech mir Gedanken gemach gehaat waat fir een Wenkel ech sollt huelen fir dei 2 Blecker ongefeier gutt hinzekreien. Mee ech kann verstoen dass et keng extra Foto ass (se war awer scharf, wéinstens) wann ech mam allgemengen heichen Nivau hei vergleichen
ech kann ganz gutt domatt liewen dass meng Foto net extra ass, ech muss jo nach üben, ech verstin just net wou den Maasstab leit, och wann ech aaner Fotoen kucken (zB Eiswaaser 9.12. oder Mott 13.12., entschelleg ass elo zoufelleg vum selweschten Autor, war awer net express)