Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

My Precious

 
My Precious
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.12.2005
  • Gekuckt:
    67915
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    53
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    90 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x552
  • Späicherplaz:
    88 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Just for fun »» Fotoen vun Photogen User
Extras:
Tamron 90mm Makro, Blëtz

Fir anzesetzen: [pg_img=1828]
Kommentar vum Fotograf:
Et war déi éischte Kéier dass ech probéiert hun sou Fotoen ze maachen. Dëst ass déi bäscht äus der Rei.
Ech war mer nët sëcher ob ech se sollt heihin setzen, mee nodem ech der genuch gefroot hun déi Jo sooten, hun ech et dann awer gemaach.
yoshi 10.12.2005 - 12:50
Also ech fannen se ass ganz flott gin. D'Formen maan d'Bild an net daat wouraus se bestin, an daat fannen ech eben den sprangenden Punkt wisou se gudd as.
Hätt d'Ketten flaicht e bessi mei no vir placéiert, se verschwennt do e bessi..
MarcGerard 10.12.2005 - 13:31
schéin perspektive smile
klex 10.12.2005 - 13:36
Gefällt ma och ganz gudd!
Johny 10.12.2005 - 13:59
Ma merci emol fir di positiv Kritiken. Haat am fong net geduet dass d'Foto su gudd géif ukommen smile.
yoshi 10.12.2005 - 14:46
Awa mengen ech mat dem Copyright dobai..
yannhellers 10.12.2005 - 16:39
also ech fannen se ganz gudd...
coolpix 10.12.2005 - 19:47
Schein Foto, gefaellt mer ganz gudd. Just ennen deen Copyright verschäisst d ganz Foto. Sorry, mee den (c) fannen ech iwwerdimensioneiert an em+ ass ennen an uewen dovun guer keen Oofstand. Also mir geif se ouni (c) mee mat Rumm besser gefaalen smile.
Johny 10.12.2005 - 20:20
Daat gleewen ech net éiert ech e Beweis dofier hun, daat huet 0 Sënn.

Mee äußerdem, wen këmmert sech dodrëm, wann et su wir, op bei enger Foto sou eppes steet oder nët fir eng Kéier .. hei am Land op jiddefall kee Schwäin. Ganz secher net. Do sin aaner Saachen dei sin suguer mei opfällech wéi daat heiten, mee daat muss jo lo net breetgetrëtonguepelt gin.
coolpix 10.12.2005 - 20:20
second_skin: Keins de mer daat emol genau erklaeren? Vlait och per PMS well daat hei io net dofier geduecht ass, oder Forum. Ech wees net richteg em waat et geet an fierwaat een net soll PHOTOGRAPHY kennen dohinner schreiwen. Merci.
Johny 10.12.2005 - 23:43
? Sorry mee woufier soll ech Suen froen? Fir guer näicht froen ech Suen. Ech denke suguer dass ech hei den sin den am meeschten selwer muss bezuelen fir desen ganzen Projet ...
joellchen 11.12.2005 - 13:58
fannen se immens schein cadreiert smile
Johny 11.12.2005 - 14:12
@Mogway: Ech froen jo fier guer näicht Suen, daat hun ech och nie behaapt ... Also wees ech guer nët wei iwerhaapt een dodrop kënnt.

@joelle: Merci smile
sutewi 11.12.2005 - 16:36
eieiei waat eng foto closed_eye mee ch fannen se awa ntt schlecht
coolpix 11.12.2005 - 17:49
merci Mogway smile
gogo 11.12.2005 - 22:34
Ganz flott Foto ( an wann ech mer et erlaaben daerf : och fun engem flotten Meedchen ) cool
Fannen se ganz flott,.. funden Fuerwen an fun den Formen sou wei och vun der Perspektive hier ganz flott.
Den groussen C fannen ech och net sou schein,.. mais ech denken egal wei een den C dohinnen gemeet hätt, en hätt mer nie gefall smile
Mais soss alles TOP !
kola 11.12.2005 - 22:59
D'Perspektiv, d'Faarwen, d'Formen, de Cadrage, ech fannen alles ass bei dëser Foto immens gudd gelongen !
(Wéi kann een bei esou enger super Foto un engem (c) hänke bleiwen ?)
Kleent 11.12.2005 - 22:59
schéin smile
Johny 11.12.2005 - 23:13
Merci kola an Kleent.

Daat mam (C), ech wees et net, also ech fannen nët dass dee stéiert ... hun en nët fir näicht sou vill duerchsichteg gemaach.
yoshi 11.12.2005 - 23:21
Also mech stéiert den (C) och net, well ech meechtens beim Fotoen kucken mat der Schness um Bildschierm peschen an dann ass deen guer net am Bléckénkel, haut setzen ech awa bessi méi wait wech an dann gesait een d'Rumm nach mat als Kompositioun an dann stéiert en bessi, well Bild den Wee vun der Ketten oofleeft.
MarcGerard 12.12.2005 - 00:35
den (c) stéiert mech och net! déi sach mat "tonguehotography" ass awer eppes anecht. ech sin der meenung, dass dat een androck zum professionellen vermëttelt. dat ass alles. eng signatur wéi "Johny Goerend Pictures" oder Johny Goerend Photographs" gidd dee selwechten zweck erfëllen, a manner opreegung mat sech droen.
Johny
Opreegung ass sws fir näicht vu dass jo kloer gin ass dass daat just méi wichteg ass wann ee Suen fir d'Fotoe freet, waat jo nët de Fall ass.
Photography ass eben den Begrëff wu alles mat dran ass, fir mech ass et normal dass den éischter gebräucht gët wéi irgent en aaneren.
Paulinus 12.12.2005 - 12:36
Super Foto, gefàllt mir ganz gutt, well se döi weiblech Reizer gutt zur Geltung brengt.

Zu "Photogtaphy":
Du kannst dech nennen wéis de wëlls. Op mengen Visitenkarten steht och Photograf (sin awer just Amateur). Dat mescht keen dir falsch.
Geld froen dierfs du och. MEE: du muss et versteieren. Wann een rausfënnt dass du Geld mat Fotoen verdengt ouni et ze versteieren kanns du Problemer kréien. Mee et gin Fräibeträg...
Johny 12.12.2005 - 12:50
Mat Suen froen/verdingen asw do wees ech wei waat gereegelt ass, egal ob et lo em Fotoen geet oder soss eppes smile. Also looßt eis daat Thema lo mol oofschléissen, et ass mengen ech an tëschen Zäit alles kloer an gereegelt.

Merci fir d'positiv Kritik RivanerJoe smile
cyber 27.12.2005 - 01:48
jo ganz flott gemaach smile
scoty 31.12.2005 - 01:21
maa emmer wann ech op d sait kommen dann gesinn ech dei schein..
Lali 16.01.2006 - 20:32
beautiful... wertvoll... gefaellt ma!
einfa nemme schéin...
Johny
Merci.
Johny 01.02.2006 - 20:54
Kruut folgend E-Mail:

Hallo Herr Goerend,

herzlichen Glückwunsch: Ihr Bild mit dem Titel "Precious" gehört diesen Monat zu den besten in der CHIP Fotowelt. In der nächsten Ausgabe von CHIP FOTO-VIDEO digital stellen wir die besten Fotos aus der CHIP Fotowelt vor - und Ihr Foto könnte mit dabei sein.

===============================================

Se wollten d'Foto an Original Gréisst, an ouni Schreft asw. Hun duerch Gléck d'Originaldatei remfonnt smile. Hun se direkt geschéckt, an dann misst se och an der nächster Ausgab dra sin.

Daat ganzt ass well ech se op www.chip-fotowelt.de ropgelueden haat, wosst awer nët dass se geifen dei bescht do raussichen asw, ass och nach zimlech nei daat ganzt.
CANON 05.02.2006 - 13:56
viel gleck......sie ass jo och sau gutt........
Johny 05.02.2006 - 14:03
Merci an Merci smile
Lilia 11.02.2006 - 21:18
dekk schein foto an mech perseinlech steiert den (c) guernet smile

kola 02.03.2006 - 22:13
Deng Foto ass an der neister Ausgab (04.2006) vun CHIP FOTO-VIDEO an der Rubrique "Die besten Bilder", an do gehéiert se och hin ! Eng Top-Foto Johny !
Johny 02.03.2006 - 23:24
Jo ech wees se haaten mer jo extra nahc eng E-Mail geschriwen fir se an vollen 8 MP ze kreien. War mer Zeitung direkt gescht Moien scho sichen an war erstaunt wou ech gemirkt hun dass et am fong dei ass dei am gréissten dran ass.

Merci awer och fier däin Kompliment.
Grommel 27.03.2006 - 21:08
Exzellent Foto en effet. An charmant, eh, Formen smile
Johny 27.03.2006 - 22:17
Merci closed_eye
Mysteri_3 02.08.2009 - 21:29
tschuut
Annick 05.04.2006 - 14:11
Mir gefällt Photo och immens gutt, fannen just häss kette keinte ganz weineg mi no fier leeën
Jury 06.05.2006 - 19:47
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Arockalypse 27.08.2006 - 17:16
/removed/
sgrisius 01.04.2007 - 20:45
Wat soll een mei soen als "einfach eng super Foto"
korkenundschiff 22.10.2007 - 13:35
super,super foto einfach genial
jegas 16.07.2008 - 09:14
Flott Bild
TomEwert 23.07.2008 - 17:14
déi heiten rifft richteg nostalgie herviir. Déi heiten photo wor eng vun dir wou ech bei photogen (demols nach als Carpe_DieM) ugefaangen hun. Fannen ech demols wéi haut zimmlech sexy tongue
Daiwelchen 27.08.2008 - 09:33
Dei foto ass genial, gefällt maer richteg gudd...

Ass gudd gemaach... smile
macfreak109 11.10.2008 - 17:53
Wirklech flotte Motiv ( smile ) an super photographéiert!
Redbox 23.12.2008 - 22:06
Waat ee Gedessems wéint deem Copyright...!
Daat geet jo op keng Kouhaut!

De Johny huet hei eng immens flott a, fir mäi Goût, sexy Foto ropgelueden.

An da reiden d'Leit hei op deem Copyright hei ronderem ???!!!

Mäi Kommentar: Super schéin Foto, Johny!
jester 20.01.2009 - 01:31
ganz flott Photo!
Gaga 11.01.2011 - 23:16
sex sells... oder wei soot den kwitchi?!?
Johny 12.01.2011 - 01:30
.. over creativity.

If I may: Déi Foto ass gemaach ginn um Ufank wou ech mol iwwerhaapt ugefaang hun d' Technike vun der Fotografie ze léieren. Mee och deemols scho war ech kee vun denen dommen. D' Foto ass op quasi all Websäit gutt ukomm, an ech wosst selbstverständlech wisou. Op engem bestëmmtenen war et extrem schlëmm, wou ech mech selwer opgeregt hunn driwwer (dee kennt awer hei wuel keen an spillt och keng Roll). Ech hun, virun allem bei dëser Foto (déi déi eenzeg esou war déi ech jemols gemaach hunn) och virun allem drop opgepasst wat d' Leit geschriwwen hunn, d.h. wann Leit Saache schreiwe wéi "flott Motiv" oder "sexy Foto", dann heescht dat fir mech esou vill wéi: "Ignore". Wann ee mer beschreift wisou en se gutt fënnt op eng kënschtleresch Art a Weis, den huelen ech eecht.

Awer wisou elo esou eppes bei eng 5 Joer al Foto schreiwen?
Gaga 12.01.2011 - 09:05
well ech et witzeg fannen mer sou remarquen machen ze loossen, an erem denken dat et erem mei em den "ween" wei em den "waat" geht ... mais soit, ech fannen se phototechnesch excelent, an awer sexy ... as dat elo geigensprechlech ?

Ech hun mol gekuckt waat esou vun "sexy" fotoen hei sin, an des as jo dei beleifsten ... ech verstin just net firwaat bei mir direkt gesoot get "sex sells" ... ? natierlech muss ech soen dat ech esou eng remarque vun iergendengem net geif escht huelen, wann et awer aus dem comité kennt, as daat fier mech représentatif fier den club ... an do denken ech no waat ech mat der remarque soll ufänken ... an iergendwei gefällt et mer net esou remarquen aus dem comité ze heieren ... soit ! Ech gesin jo dat och den comité en Sënn fier "sexyness" huet... waat mech op dàr Seit och erem berouegt !

Johny 12.01.2011 - 09:19
Also direkt fir et mol rëm eng Kéier ze soen, de Club ass net de Site smile mee bon dat ass relativ egal elo.

Wisou däerf een aus dem Comité näischt esou soen? Mussen déi en Maulkuerf undoen just well se am Comité sinn? Se si jo am Fong Representant fir d' Memberen (d' Memberen! also Club ass net Comité mee de Club sinn seng Memberen), se däerfen hier Meenung also och soen.
Gaga 12.01.2011 - 09:28
hun ech gesoot se dierfen net ? se sollen souguer, dofier sin se do ... denken ech emol ?!?
dat as sws of topic hei denken ech john!
Johny 12.01.2011 - 09:32
Johny mat y w.e.g. closed_eye (well de Focus John ouni y heescht, an vize-presi ass)

Mee wann s de sees et gefällt der net esou Remarquen aus dem Comité ze héieren?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 415 Gäscht online