Merci alma.. de Leuchttuerm ass e besi kriddleg... wann ech e nach mei hell maachen da kreien ech zevill een opfaellege Kontrast zum Rescht... ech hu laang dru gezwirbelt an et net besser hikritt..
wat gesaiss du Saachen .. ech muss soen ech war e bessi enttauscht wei ech de Leuchttuerm gesin hun .. haat mer sou ee scheinen rouden wei an Holland erwaard.. an du stoung nemmen dei kleng "Mellechkaan" do
Flott Opnaam. Mir gefällt Faarwenspill, daat liicht brongt bei der Sonn mat deem bloen Himmel an dann dei greng Wiss.
Waat den Leuchtturm ugeet, sin ech mir net secher, ob deen mei hell soll sin. Ech fannen grad, dat dei mei deischter Seit, dem Bild eng ganz speziell Stemmung get.
Also, eng richteg schein Foto mat engem super Faarwenverlaaf... Mäin Favorit ass den bloen Himmel, deen an dei roud Son an Wolecken iwwergeet....! Den Tuerm ass menges Uleies net ze hell an net ze däischter, mais et vermaach zimmlech vill Mellech fier den doten ze fellen.
Do kennt eng richteg gudd Stemmung eriwer. Gefällt mir ganz gudd, virun allem an de Faarwen. An, wéi schon gesoot, den Leuchtturm mecht e bessi een ausserirdeschen Androck...
Jaa, een Schlaangenwee an denger Prise, dat kënnt der Dynamik ze guttst. Den lënksen Deel ass effektiv liit ze däischter, mee dovun gouf jo schon geschwat. Däin Bildopbau ass 'erste Sahne'... sou wéi mer dat vun där gewinnt sin