ech sin een vun deenen wéinegen, dei sech haut nach emmer CD'en kaafen an net alles eroflueden. An zudeem gehéieren ech zu der nach vill mei klenger Grupp vun Léit, dei sech souguer ab und zu nach eng Vinyl kaafen ;)
Di Kärechkeet vun der Foto deit op den heinasdo käreche Sond vun engem Plakkespiller hin. Mir gefällt dat. Just fannen ech de Bildopbau net grad ausgeglach. Den Tounkapp steet mir ze vill no un der Mëtt an deen Eck ënne rechts zitt d'Opmierksamkeet un, awer eigentléch as do keng fir d'Bild wichteg Informatioun dran. Datt d'Plakk kippt, kéint ee gestalterescht Element sin, awer dofir kippt se dann net genuch. An e besse méi Kontrast kéint d'Foto och verdroen. Et ass nämléch néierens richteg Schwarz dran. Lo war ech zwar e besse streng, awer domadder wëll ech dir soen, datt ech déng Iddi an déng Foto, wéis du se geduecht hues, mat der Bewegungsonschärft eigentléch gudd fannen, awer et fehlt eben nach eng Klengegkeet, a wann déi och nach dran ass, da sin ech iwwerzeecht.
merci fiir d'Kritik - soulaang et konstruktiv ass soll een emmer streng sin
bzgl. dem Eck ennen riets: do woor am Fong nach vill mei vun deem Eck do, eier ech gecroppt hun ... ech wollt awer nach, dass een den Rand vun der Plack anzwousch um Bild gesait. Wees net op d'Bild lo besser mat oder ouni deen Eck wier ...
dass den Kapp zimlech an der Mëtt luuch einfach dorunner dass ech laang ausprobeiert hun an d'Plack natierlech dobai monter gelaaf ass an ech net souwait geduecht hun, den Kapp vlait mol nees zreckzesetzen
bzgl. dem kippen an dem Kontrast gin ech der Rescht.
vläit setzen ech mech iirgendwann nach eng Keier hannert deen Sujet.
Ech muss awer zu menger Verteidegung och soën, dass d'Foto net ennert den einfachsten Konditiounen gemaa gouf. Deen Plackespiller do steet nämlech um Buedem, et woor zum Zaitpunkt vun der Foto och net wierklech meiglech en wouaanescht hinzebrengen. Wann ech en hätt keinten op een Dësch oder sou stellen, hätt ech secherlech mei Fräiheeten bzgl. Perspektiv gehaat. Sou konnt ech eigentlech baal nemmen vun uewen erof d'Foto maan - ech perséinlech hätt leiwer een mei flaachen Wënkel benotzt.
Deng Verteidigung ass ugeholl an et gëtt Circonstances atténuantes... "ggg*
Du därfs net vergiessen, datt ech di Schwieregkeete, mat deene mir Haus-und Hoffotografen konfrontéiert sin, ganz genee kennen. Kuck méng Serie vun de geckegen Objeten, déi ass mat rüdimentäste Mëttle gemaach an deemno och voller technescher Feeler. Mir sëtzen an deem Sënn all am selwéchte Boot...
also nii eppes rooflueden wier gelunn ... mee wann mer eppes gefällt, kaafen ech mer et.
mee ech kaafen och effektiv lo net 100 CD'en den Mount oder sou ... haat ech awer och fiirun der MP3-Zäit nii. Mee ech lueden lo och net all Daag iirgendwei eppes roof Hautzedaags lueden jo och vill Leit erof just fiir erofzelueden ... nunje ...