Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Road to the Storm -2-

 
Road to the Storm -2-
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.06.2009
  • Gekuckt:
    73045
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    56
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    270 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
- Ps
- RAW
- Photomatix

Fir anzesetzen: [pg_img=37021]
Kommentar vum Fotograf:
Nach eng 2.Foto; dës Kéier als DRI (aus engem RAW)
Si mer awer net secher bei dëser Foto ob se mer soll gefaalen oder net!!! Feed-back wier gudd!!!

Hei déi 1.Foto:
Road to the Storm


suraki 10.06.2009 - 22:10
net secher ??
en Wahnsinnsbild dat op all concour giff ukommen !
kruemelatease 10.06.2009 - 22:15
Sérieux? Ech duecht eventuell et wier bessen zevill "verschafft" (=> Wolleken)

Merci fir de Feed-back!
Maimonides 10.06.2009 - 22:13
Di do ass mir zevill "surrealistisch",
wat awer net wëll soën
dass se nët gudd wier.
Di 1. gefaellt mir awer besser.
kruemelatease 10.06.2009 - 22:16
Jo, ech mengen esou gesinn ech et och bessen.

Merci!
suraki 10.06.2009 - 22:37
net zevill , genau esou closed_eye
fir mech en Topfavorit fir d'Woch !
galileo 11.06.2009 - 08:09
Dat war och mäin eischte Gedanken - mee op seng Manéier ass et eng flott Foto.

De Cadrage as hei interessant, wëll een d'Stuermwollek als Ganzt gesäit.
Poly 10.06.2009 - 22:15
fannen se immens, déi wierkt iergendwéi onheemlech,et wés et net wat do op een zoukënnt, en twister oder en ufo
kruemelatease 10.06.2009 - 22:17
Onheemlech passt. Mech ereenert se bessen un "Independance Day" mam Will Smith closed_eye

THX!
Jean-Jos 10.06.2009 - 22:24
boah!
"onheemlech" ass hei nët staark genuch,
"surreal" scho méi, dat ass bal tornadesk,
genial, wéi d'Wollék no ënne suckelt... du mierks, si gefällt mer closed_eye
Maimonides 10.06.2009 - 22:32
"tornadesk" gefaellt mir closed_eye
kruemelatease 10.06.2009 - 22:46
Mir och! smile
gloda 10.06.2009 - 22:33
Cool. Ech géif nach gaaanz liicht méi Oomph an d'Gréngsättegung bréngen an den Kontrast-Effekt an den bloen Wolléken am iewegten Véirel staark erofsetzen. An den Stuermwolléken klappt den HDR Effekt gudd mee op den méi héigen gesäit et lusch aus.
No_Saint 10.06.2009 - 22:39
De richtege Sujet fir e sou ee surrealen DRI-effekt.
Och als SW hun déi zwou e super Potential (hun déi 1. fir mëch am SW ausprobéiert).
dr_kim_veis 10.06.2009 - 22:40
ech denken och: e bessen too much...awer fierun allem well deeler vun den wolleken duerch d'bea iwwerbeliicht schengen (deen gielen an e puer waiss flecken) wann daat net wier geing se mer mengen ech besser gefaalen. Trotzdem, d'richtung an deis de gaangen bass schengt mer ok. Ech gin och dem gloda recht dass dei iewescht wolleken net optimal sin...
kruemelatease 10.06.2009 - 22:43
@all: Merci vir dee Feed-back. Bei Geleegenheet iwerschaffen ech eventuell nach déi puer Punkten déi ugeschwaat goufen!
OK-Photography 10.06.2009 - 23:38
hmm...manner HDR an mei NATUR hetten ma hei FILL besser gefall! closed_eye
dWolekk huet een gielt Lach kritt an daat ganzt guff zimlech daischter sou....mengn hett mer in natura besser gefall closed_eye

den mei oppenen Kadrage mecht dFoto awa apsolut intressant!smile
kruemelatease 11.06.2009 - 10:01
Wéi gesoot, eventuell iwwerschaffen ech se nach eng Kéier!

Merci vir den Feed-back!
Gaga 11.06.2009 - 00:03
top

tip top

absolut top !
kruemelatease 11.06.2009 - 10:03
Ma dann soen ech merci! TOP smile
LP 11.06.2009 - 07:32
ganz flot dei dooten sou rischteg dramatesch smile
kruemelatease 11.06.2009 - 10:02
Dramatik, genee, war och sou gewollt vum Verschaffen hier!

Merci!
arwa 11.06.2009 - 09:13
beandrockend
an allen - Hinsichten !!
kruemelatease 11.06.2009 - 10:04
An ech si beandrockt wéivill Feed-back ech kréien! closed_eye

Merci!
Miau 11.06.2009 - 11:01
Super Stëmmung, wou woar dat?
kruemelatease 11.06.2009 - 11:28
Am schéinen Eislek, an der Géigend vun Heischent.
smile
Gaga 11.06.2009 - 13:30
wei dann an der geigend fun heischent ? fun wou bass du ?

ech gin elo mol direkt kucken .... daat stéck do kennen ech net !
kruemelatease 11.06.2009 - 13:43
Richtung Kehmen, bei de Wandmillen. Lenks ob der Foto, bei de Beem, do ass d'Strooss Heischent Kehmen.
Stef76 11.06.2009 - 11:10
Gefällt mer ganz gutt....SPUUUCKYYYYYY.....
kruemelatease 11.06.2009 - 13:48
"SPUUUCKYYYYYY" => jeeaaah! smile
JohnJ 11.06.2009 - 11:17
fannen dei hei guer net schlecht... :o)
kruemelatease 11.06.2009 - 13:45
Ma dann soen ech merci!
xaph32 11.06.2009 - 11:28
et géif mëch wierklëch interesséieren déi hei um pabeier ze gesin...den himmel ass zwar krass, me ech mengen nët dass et onbedingt zevill ass, den hellen punkt verléiert zwar un zeechnung, me dat mëcht grad den surrealen/ausserirdechen effekt...
respekt!
kruemelatease 11.06.2009 - 13:47
Wier eng Iddi déi do mol drécken ze lossen!!

THX!
Kwitchibo 11.06.2009 - 12:43
flott daat do gefällt !

den Cadrage as nach eppes ze maan mee schon ganz flott!

Bravo
kruemelatease 11.06.2009 - 13:46
Wéi géifs du den Cadrage da gesinn? Géif mech intresséieren, well ob der Plaatz hunn ech villes probéiert an wosst net sou richteg wéi!
Treverer 11.06.2009 - 18:27
boah .... die Apokalypse naht !!!
arwa 11.06.2009 - 18:41
das wär doch best. ein Foto, mit dem DU was anfangen könntest, oda ?
Treverer 11.06.2009 - 20:10
es müsste aber miundestens eine Mumie aus der wolke kommen smile
Jean-Jos 11.06.2009 - 21:03
smile
kruemelatease 11.06.2009 - 21:15
aber ich hab sie überlebt!!
smile
Shantideva 15.06.2009 - 00:10
Ech gief mol soen dass een domat konnt rechnen. Gudden Moment erwescht an och gudd verschafft. Du hues et verdingt! Hoffentlech get d'Wieder besser des Woch.
kruemelatease 15.06.2009 - 07:59
Merci! Ech si begeeschtert !!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!

THX @ ALL!!!!!
smile
Kleent 15.06.2009 - 10:02
Wow, déi haat ech mol nach guer net gesin! Wierklech immens daat doen! smile
Nicon07 15.06.2009 - 10:20
Bescht Gléckwënsch!
Focus 15.06.2009 - 10:34
WOW, Wahnsinn!!
xaph32 15.06.2009 - 10:53
Gratulatioun, an lo nach op pabeier drëcken loossen smile
kruemelatease 15.06.2009 - 13:44
Genee, thx!
marker 15.06.2009 - 11:04
Glëckwonsch, eng phantastesch Opnahm a verdingt zur Foto vun der Woch gewielt gin. Bravo...!!!
Gaga 15.06.2009 - 11:17
jep, voll verdenkt dat doten !

suraki 15.06.2009 - 16:11
ech hat der et jo gesot smile
an et as verdingt !
kruemelatease 15.06.2009 - 19:04
smile
Merci! Mä gleef mer, ech hun dat awer wirklech mol guer net sou gesinn am Ufank! Ech perséinlech fannen déi 1. "Road to the Storm" besser. Ass méi "diskret".
suraki 15.06.2009 - 20:49
wéi am richtege Liewen, déi " Diskret " gin iwersinbigsmile
kruemelatease 15.06.2009 - 23:15
Gudd erkannt !!! smile
elmuzo 18.06.2009 - 01:12
Bombastësch.
Carol 12.08.2010 - 19:11
wawawiwa!
Pixelman 29.09.2010 - 08:49
Besser konns de déi Emotionen déi en begéint, wann én dén dote Naturphénomän erlieft, net durstellen wéi am HDR.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 333 Gäscht online