Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Konditioneierten Choix

 
Konditioneierten Choix
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.06.2010
  • Gekuckt:
    554932
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    232 KB
  • Originaldatum:
    2010:06:10 23:07:50
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Abstrakt  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46253]
Kommentar vum Fotograf:
Public Art for Art
Poly 11.06.2010 - 00:10
hui gefëllt mer ganz gutt, flott Perspektiv a propper verschafft, wat bei der Faarf vu Mauer guer net einfach ass
gtaddei1 11.06.2010 - 00:12
Fir d'Mauer ass den Usträicher vum Fotomarket do gewiecht.. Merci fir de fav... ganz leiw vun dir
JohnJ 11.06.2010 - 01:48
Ganz flott (ann Foto och) closed_eye
gtaddei1 11.06.2010 - 09:16
Merci John , ... also fir dei 2
Jeanny 11.06.2010 - 06:16
gefällt mir wonnerbar
gtaddei1 11.06.2010 - 09:16
Merci Jeanny , et ass e bessi mei eng Komplex foto
Maimonides 11.06.2010 - 23:05
Deng Foto gëtt haaptsächlech "komplex" doduerch dass du se an di "abstrakt" Kategorie gesat hues. An dësem Fall musse mir vun der Realitéit, wéi's du se weis, ofgesinn. Et bleift also een exzellente Cadrage deen awer bal eng kubistesch Approche viraus setzt fir däi Bild (am Ganzen, ouni Rummen dran ze gesinn) kënnen ze liesen. Och d'Faarwen sinn an dësem Fall "hors contexte", dat heescht dass si Näischt mat der Realitéit ze dinn hunn. Abstrakt gekuckt huet deng Foto en erstaunleche Volume, a glänzt duerch een exzellent Spill mat der Luucht: zemools di hell Téin op wäissem Hannergrond.
Wann ech deng Foto awer net abstrakt kucken, da fänkt se un ze liewen: si suggeréiert méiglech Geschichten déi eng an di aner Ambivalenz verzielen. Wann se virdrun méi intellektuell war, dann ass se lo méi emotional a méi spannend ginn well d'Fantasie gekëddelt gëtt.
Eng ganz schéin a bëssen komplizéiert Foto. Effektiv, Gennaro.
gtaddei1 12.06.2010 - 08:39
Merci Charel, däin Kommentar ass esou räich un Konzepter mä et reflektéiert meng Intentioun... Dofir hunn se och e puer mol al Komplex (mä nett komplizéiert) definéiert.
Kubistesch , jo eng aart synthetesch Art an Weis fir eng Geschicht (oder Idee) duerzestellen.
Abstrakt well et net direkt ass, ech mengen et muss é kucken , Direktioun de Lektür ass net einfach hei , mä et ass acceptabel. De Cadrage (puer) ... ech hätt technesch kéinten d' iwwerschneiden vum Personnage mat dem lenken Cadre evitéieren , mé ech wäert net méi dohinner goen an d'Foto frësch maachen.. dei bleift einfach esou.
De Wäissen Hannergrond léisst dann och de Fotografeschen Volumen herfirkommen .
De Volume sinn dei Schwierwend Kaderen dei do "hänken" an esou Geometresch dohinner geneelt dat een en "Zéchnereschen" Cube gesäit.
Intellektuel fir d'eischt an dann rouesch ginn mat de Gedanken fir dat och Emotiounen "schwätzen" kennen ... ech sinn mat dir d'accord.
Phantaisie ass nés eng Résultante vun der Emotiviteit ...

Merci Charel... ech sinn extrem frou iwer dein Kommentar ...

PS:
Wann ech enger Säits stark beaflosst sinn vum Jean Claude sengen Fotoen , sinn gerad esou stark beaflosst vun denger Art an Weis , villäicht ass dat well een duerch déi Gemeinsam Arabescht beanflosst gett op eng bestemmten Weis ze denken an ze spieren leiert (oder wéinstens esou kéint sinn )
Maimonides 12.06.2010 - 16:02
Dat mat der Aarbecht, Gennaro,
dat ka ganz gutt sinn. Well, och wa mir Eppes gesinn, froe mir eis trotzdem vu wou dat hirkënnt. An da si mir erëm bei de Griichen: "anamnèse". Eng "katamnèse" ass bal ni néideg.
closed_eye
gtaddei1 12.06.2010 - 17:12
cool
Shantideva 11.06.2010 - 10:14
Schéin mat den Reflexiounen gespillt. Gefält mir ganz gutt.
gtaddei1 11.06.2010 - 10:23
Merci JC... E Spill mat der Reflexioun fir 2 Richtungen ze ginn ... D'reflexioun fir eng Geschicht ze erzielen
Soffel 11.06.2010 - 10:37
Daat ass eng vun mengen Lieblingsfotographinen dei do grad am Mudam ausstellt!
Nan Goldin heescht dei gudd Fra, wierklech saugudd!
Mee deng Foto fannen ech awer och flott gesin! closed_eye
gtaddei1 11.06.2010 - 10:57
Ganz richtesch... et keint én jo soen dat hai keng Auteurenreschter gefrot ginn sinn , D'Foto ouni Flash ass am Mudamm erlaabt ... an ech hunn d'Inseneirung gebraucht fir eng aaner Fotomze machen ...
Merci
Soffel 11.06.2010 - 11:03
closed_eye Nujee mir sin jo net all Pedanten!
gtaddei1 11.06.2010 - 11:05
Richtesch!
Gaga 11.06.2010 - 11:48
einfach e wuert :
geil
gtaddei1 11.06.2010 - 12:09
Thx Gaga... Wien oder Wat?
Gaga 11.06.2010 - 14:13
deng Foto !
oder mengs de ech giff dech fir aner leit hier arbecht luewen ? closed_eye
gtaddei1 11.06.2010 - 16:38
Ah fir d'Aarbecht vun mengem Schwoer an Schweiech?.. Né ?
Gaga 11.06.2010 - 18:45
wanns de mer erklärs waat dei dommader ze din hun, villeicht ! closed_eye
gtaddei1 11.06.2010 - 21:28
Et ass men niess die di steht
suraki 11.06.2010 - 18:06
déi schwiewend Biller hei, d'Spigelung ... einfach herrlech !
gtaddei1 11.06.2010 - 21:29
Merci Ed, an mercy fir dein fav . Eng complex foto, me Bon
Jean-Jos 13.06.2010 - 09:25
Ech hun déi lo eréischt an der Wochenofstëmmung entdeckt: immens subtil, éischtens wéinst der duebeler Reflektioun an zweetens, wéi's de d'Fra - déi d'Fotoe kuckt - plazéiert hues, fir dee selwéchte Bléck op déi zwee "Nu'en" ze geheien.
gtaddei1 13.06.2010 - 09:42
Merci jean Jos ... et war effectivement meng Intentioun...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 415 Gäscht online