Am Fong geholl jhust e Frachter op der Musel, ewéi all déi aaner -, oder, vläit dach nët. Eben duerfir hun ech d'Foto nach weider verschafft, fir de spezielle Wellen-Effekt do nach méi erauszehiewen...
Ech hun natierlech och do dru geduecht. Hu mech awer dun entscheed, dat esou ze loossen. An zwar gët dat Stëckelchen Ufer der Wellen-Interferenz en Ankerpunkt, un dem de Blëck sëch kann orientéieren. Dat lënkst Ufer hält d'Foto op der Säit am Equiliber, besonnesch wëll d'Schëff jo schons nët méi riit an der Rumm steet. An ënnen riets ass d'Plaz wouhinner d'Schëff sech weider ka bewegen ouni Behënnerung. Doduerch, datt ech riets schons eng Bordürsmauer ewechgeholl hun loossen ech dem Betruechter d'Fräiheet selwer eppes do hinner ze denken ! Dat ganzt gëtt eng gewëss diagonal Harmonie. D'Schëff ausgeschnidden wier eben jhust nach einfach nëmmen eent vu ville Schëffer !
Gefällt mer richteg gudd
Ech hätt d'Ufer riets an lenks och NET erausgeholl - et get dem Bild eng natiirlech Rumm (woubäi een awer op den eischten Bléck net esou richteg erkennen kann waat dat ass) ... ouni Ufer-Ecker geif ech et mei "langweileg" fannen
... waat och den Ënnerschidd zu enger méi "einfacher" Foto ass, wou een alles an engem Blëck erfasst (fannen ech fir verschidden Sujet'en duerchaus ustriewenswäert - si suguer e grousse Fan dovunner, vu Biller, déi sëch an enger Sekonn selwer erklären) hei soll een ugeregt gin, eben nach eng Kéier hin ze kucken !