Op der Sich no de Waler...
All Fotoen an dëser Serie:
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
Fotograf:
Eropgelueden: 08.10.2012
Gekuckt: 62519
Favoriten:
Kommentarer: 43
Originaldatum: 22.09.2012
Fotoapparat: Canon EOS 5D Mark III
Objektiv: Canon EF 70-200 f/4 L IS
Kommentar vum Fotograf:
Dës Fotoen hunn ech op Bora Bora gemaach, wéi meng läscht vum Strand och schonn. Ech ginn zou, dat hei ass e bëssen méi interessant:
Vun Juni/Juli fir ongeféier 4-5 Méint kommen d'Buckelwaler aus der Anarktis erop bei d'Franséisch Polynesien fir sech do fortzepflanzen an klenger op d'Welt ze bréngen, dofir gesäit een der dann do regelméisseg.
Op dësem Tour wou mir just zu 8 Leit (plus Guide) waren hate mer d'Chance net just Waler ze gesinn, mee och nach 2 Stéck ze erwëschen déi immens gedëlleg waren an spilleresch. Se sinn no bei d'Boot komm, (vum selwen, ganz wichteg!) an hunn eist Boot relativ interessant fonnt. Chance hate mer och well mer dat eenzegt Boot waren, soudass d'Waler sech net onwuel gefillt hunn, wat oft virkënnt wann direkt e puer Booter optauchen fir déi schéin Déieren ze gesinn. Et war kuerz en weidert Boot kucke komm, wat alles falsch gemaach huet: Et ass riicht op d'Waler duer gefuer, an well et dach relativ schei Déieren sinn huet ee se dunn net méi gesinn fir 10 Minutten (an an der Zäit haten déi aner sws hier Gedold scho rëm verluer an ware fort :D)
éiert ech dës Fotoen gemaach hunn ware mer och am Waasser mat Flossen an Schnorchel soudass mer vun der Uewerfläch och de Waler nokucke konnten - en onvergeisslecht Erliefnis wann soueen 15m Wal eng 5-10m ënnert engem duerch schwëmmt :)
Déi éischt Foto ass iwwregens en bëssen gecropt aus enger 70mm Foto, just fir ze erkläre wéi no se zäitweis waren. Hei ware 70mm (op Vollformat) scho bal ze laang...
Ah jo an: Drop klicke lount sech, virun allem fir déi éischt :)
|
|