Modern Archtiectur huet ëmmer irgendwéi eppes vun Onfärdegsin. Awer sou wéi s du d'Défense hei verteidegs, dat kënnt der kompositorescher Perfektion ganz no.
Firwat solls du ménge Wieder nët würdeg sin? Ech sin dach och just ee klenge bescheidene Knipser, deem heiansdo ee Villche virun d'Lëns flitt an deen da begeeschtert ass... Mais ët stëmmt: fir sou eng Liichtmolerei wéi déi hei hinzekréien ass Arbécht ugesot. Ech hun dat an der Zäit och probéiert, mais mëttlerweilen opgin, well ech et ni zu ménger Zefriddenheet hikritt hun. Wéi's du op enger aanerer Plaz schreifs, sin et d'Seem an d'Haloën, déi beim Verschaffen opkräizen, déi ee verzweifelen din. Mais elo hu mir et digital nach ee gudd Stéck méi einfach, wéi déi Analog ënnert dem Beliichter mat Wedelen asw...
Mais hei ass et och de Sujet, deen durch di Verarbéchtung valoriséiert gët.
Net einfach, déi vill Gebäier ënnerdaach ze kréien.
Du hues de Problem flott geléist andeems datts de allem ausser der Grande Arche ( an e puer wichtege Linnen ) d'Luucht erofdréins.
Gefält mir exzellent.