Heiriwwer fënnt een online net esou ganz vill, trotzdem si mer dohi gefuer fir genee dës Plaz ze fannen, am Kootenay Park a British Columbia, Canada. Et ass impressionant wéi d'Waasser duerch d'Fielse fléisst.
Wow, do gesait et awer geil aus. Déi verschidden Farwen vun den Fielsen am Kontrast zu dem Gréngs gefalen mir immens gudd. An dann och nach d'Wasser wat duerch déi Schlucht leeft.
Bëssen meckeren muss ech awer och... D'Waasser an den ënneschten Deel gefalen mer richteg gutt, mee déi 2 grouss Beem virum Himmel gesinn en bëssen no HDR aus. Wanns de do eng Grëtz méi Kontrast dran léiss gesäit et menger Meenung no besser aus. ...sou ob den 2ten Bléck och ob der rietser Fielswand an dem ganzen Bësch...
Also ech hunn op dëser Plaz vill verschidde Beliichtunge gemaach, awer dës Foto ass just eng eenzeg Foto mat Schierter opgehellt an hell Beräicher ofgedonkelt. Dat mol virop
Trotzdeem weess ech wat s de mengs dass et deelweis zevill no HDR ausgesäit, ass och dat wat ech drun auszesetzen hunn, mee di mech schwéier se sou ze verschaffen dass dat besser gëtt.
Ech maachen et alt, dat wann ech an eng Richtung net sou wierklech weider kommen, ech eng ganz aner, géigesätzlech, probéieren. Do kommen deelweis dann zimlech cool Resultater raus.
Ech hunn se lo mol mat en bëssen ofdäischteren an méi Kontrast probéiert, an dat gesäit schonn net sou schlecht aus. Mat en bëssen Finetuning misst dat eigentlech en gäilt Resultat bréngen.