Dass se ass wéi aus dem Billerbuch ass genee de Grond wisou ech se net wärt ophänken - d'Vue ass leider oft gesinn, ech wollt just och probéieren et alt wéinstens hallef anstänneg hinzekréien
Du hues immens schéi Biller aus Norwege matbruecht.
Di hei gefält mir ( bis elo ) am beschten, d'Bild vum Polarliicht ass awer och ganz impressionnant.
Et freet een ëmmer ze liese wann d'Fotoen allgemeng de Leit gefalen
Mee et kënnt nach déi eng oder aner - wann ech bis duerch si mat sortéieren a verschaffen
Deng Norwegen-Biller gefale mer alleguer gutt, se sinn immens propper a perfekt geholl, et mierkt een dass du ëmmer dat bescht aus der Situatioun gemaach hues. Dat hei ass bis lo mäi Favorit, d'Faarwe sinn einfach super. Si gespaant wat nach kennt
Wéi echoch schonn dme jorsch soot freet et mech ëmmer ze liese wann d'Fotoen allgemeng de Leit gefalen (dat ass méi wärt wéi just eng eenzel Foto).
Et war allerdings allgemeng och net ëmmer ganz einfach eppes guddes ze maache, well d'Wieder ass ëmmer sou eng extrem variabel, zemools do an der Géigend, an dass et a*schkal war mierkt een op de Fotoen natierlech och net sou direkt
Ech setzen einfach neicht un deier Photo aus .. Gin just den Lofoten selwer d'scholt dass se de Keen mei intressanten Himmel an dem Moment gebuerden hun .. Wei gesoot net deng scholt an d'Photo ass och esou schon excellent..
Ech hu schonn Vignettéirung bäigesat fir dass den Himmel manner uniform ass Mer hu laang gewaard mee en ass effektiv net méi interessant ginn. Schued, mee et wier jo och langweileg wa lo wierklech alles stëmme géif
Perspektiv ass gud gewielt, dei Dynamik vum Wasser am Viedergronn get dem Bild de richtegen Touch ! Flott wei sech dei Roud Farw an deenen kaalen Tein ofhiewt !