..ech hun eng licht Preferenz fir dëst Bild hei aus denger Island-Serie, éischtens wéinst dem flotten douce Liicht, an zweetens dem herrlechen Degradé, en plus déi giél Liichtsträif an der Mëtt vum Bild. Ganz gutt esou..!!
hehe freet mech ze liesen, an mir sinn eis do 100înz!! mir hunn grad dei eidel, schon baal abstrakt Landschaften am beschten gefall, dei gring Hiwwelen vum Laugavegur sinn zwar eng klassech Vue, ma et geet naischt iwwert schwarzen Lava-Sand an stiermech Beliichtungen!
Merci vir den Feedback Marc!
Dat muss ee mol färdeg bréngen: eng grandios Landschaft mat engem Macro-Objektiv ze fotograféieren, an dann den Androck iwwermëttelen, et wier eng Wäitwénkelfoto. Vu vir bis hanne scharf, plastesch an equilibréiert. Fir méch ee Favorit wärt. Di dote Foto an enger Stuff un der Mauer 4m op 2,6m, dat misst et dach sin, oder?
den Objektiv hunn ech mer net rausgesicht hehe hat der nemmen 3 mat op d'Rees (18-55, 50f1.4, 100er macro) - letzteres ass emmer nach daat schärfsten aus der Sammlung an grad vir sou Distanzen an der Landschaft och ganz uerdentlech ze gebrauchen.
Se ass an der to-print-list, hunn se awer nach puermool mat méi Kontrast nobeschafft...einfach herrlech Landschaften!!
MERCI Nico! (wann se henkt, kens de se kucken!)