Ganz uspriechend Série mat villen Facetten wou et iwerall interssant Détailer ze kucke get. Kommen awer besonnesch ëmmer op di 1. zréck, main perséinlechen Fav,wéinst der Dynamik vum Zuch deen an der Kéier läit
Villmols Merci Georges, eigentlech hat ech nach eng 5. mat de Galloway hiire Nofolger mat eropgelueden, wat awer nët fonktionnéiert huet wéinst dem Format (si war am Quadrat, bei Serien geet en upload nëmme mat dem selwéchte Format).
Effektiv gefällt d'Foto mam Zuch mir och aus dem selwéchte Gronn ganz gutt, am Brill ass dee Standpunkt mengen ech dee flottsten fir Zich ze fotograféieren, ech hu gëscht nach e puer aner Zich op der riichter Streck, awer dat ass éischter 0815. Merci och fir de Fav.
Richteg flott Serie mat ville fotografesche Facetten wou ee Bild intressant machen, ..vu kaal bis waarm, ..vu statesch bis dynamesch, ..vu schaarf bis onschaarf asw...!
Good Job!
De roude Fuedem war initial de Wee, d'Luuchtsituatioun huet sech an annerhalwer Stonn komplett g'ännert, schéin wéi's du beschreiws, Merci marker (2 x !).