Flott LZB, vum Bildopbau hätt ech perséinlech awer en 1x1 Crop vum lénken Waasserfall geholl. Do get zwar den Steen am Viirgronnd an och deen hannen ofgeschnidden awer du häss flott Diagonal Linnen, déi d´Bild méi interessant maachen.
Jo, ech weess wat's de mengs, an du hues och Recht domadder, ech wolt mat dëser Opnahm awer déi ganz Zeenerie vun dëser flotter Platz hei weisen.
Merci fir däi Kommentar a Virschlag.
Do war et awer dann zimmléch däischter, wann een d'EXIFS an den Extra kuckt, oder has du awer een ND-Filter drop, an du sees eis dat nit?
Di Foto ass, wéi gewinnt, super. Di kurz Distanz vun de Cascades du Müllerthal gin duer, fir eng Hellewull POVs ze hun. Da brauch et just nach ee wi déch mat deem richtege Fotografebléck an der Technik.
Jo, gutt erkannt, op där dote Platz ass et nii esou richteg hell, an en plus hat ech effektiv den ND 0,9 mat enger Reduktioun vun 3 Blenden um Objektiv. Mam Fotografebléck ass esou eng Sach, ech lung hei praktesch mat de Knéien am Bulli fir d'Kamera sou déif ze plazéieren an domadden esou muchen Obstakel mat de Fielsen ze verdecken
Merci gesot!
Di richteg Cracken huele munech "Unannehmlichkeit" op séch, fir eng Foto ze maache, déi een Aha-Effekt produzéiert beim Kuckert. Wien net färt, naass ze gin oder vun der Fra vernannt ze gi, well d'Box versaut ass, dee mécht di beschte Fotoen.