Firwat soll dat mir da Rou loossen? Dir hutt jo Recht hei. Ech si jo selwer net richteg zefridde gewiescht mam Resultat. Awer ech wosst net firwat. An dofir hun ech d'Foto hei ropgelueden: a well ech weess, datt ech dann hei meeschtens (ausser bei 08/15 Fotoen) konstriktiv Remarque gemaach kréien, duecht ech: Bestëmmt seet een dir, u wat hei un där Foto hapert.
Dat ass net ganz falsch, mais hei ans do waren awer och Coups bas dobäi, déi sou net hätte misse sin. Mais bon, dat ass Geschicht. Punkt!
(Wee weess, et sin der bestëmmt nach eng yet vun deenen, déi heemléch nokucke, wat hei sou leeft. Vläicht liest jo ee vun deenen dat an traut séch rëmzekommen.)
Stemmt. Sou Kommentaren ennert dem Rim kruut ech der och en etlech. Déi waren meeschtens an der Saach berechtegt, mee halt ennert dem Rim, also am Toun vergraff. Och dofir hun vill Leit näischt méi hei ropgelueden, haaptsächlech Ufänger déi awer Potential gehaat hätten.
Allerdings muss ech awer och agestoen dass ech hei vill vun konstruktiver Kritik geléiert hun.