Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Lai da Tuma

Lai da Tuma
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.08.2022
  • Gekuckt:
    8301
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    675 KB
  • Originaldatum:
    2022:08:01 10:45:56
  • Fotoapparat:
    NIKON D500
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 16-80mm 1/2,8-4
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92179]
Kommentar vum Fotograf:
Den Tomaséi beim Oberalppass, di offiziell Quell vum Rhäin.

Wann een dann di plus minus 300 Héichtemeter an der praller Sonn iwwert deelweis onméigléch stengech a géi Weeër ropgaangen ass an dann huet een di heite Vue op dee klenge Séi, da huet ee séier d'Ustrengung, den Duuscht an de Schweess vergiess.
tormi 06.08.2022 - 21:49
Hey Nico,
Dei s/w Versioun vum Tomaséi gefällt mier gudd.
Schein Vakanz nach
Nicon07 07.08.2022 - 08:10
Merci, Tom.

Ech sin neess am lëtzebuerger Alldaag, mais Vakanz hun ech jo awer nach e bësse méi wi ee Mount... closed_eye

A wann ech elo méng Form nach wieder opbauen, da gin ech di näxte Kéier iwwert de Pazolastock dorobber... closed_eye

Da wënschen ech dir mol ee schéine Sonndeg an eng agreabel Woch.
tormi 07.08.2022 - 09:07
Wars du zu Andermatt? Ech war zwee mol do fier Velo ze fueren, sin do eng Reih Päss eropgekruebelt. Allgemeng eng immenz schein Regioun .... wann dann keen Niwwel ass closed_eye
Nicon07 07.08.2022 - 10:00
Genee do ware mir. A mir haten di beschte Woch vum Joer erwëscht. Samschdes, wi mir ukomm si, war et nach duerchwues, duerno Billerbuchwieder bis Donneschdes nach matt. Freides, wou mir souwisou geplangt haten, eisen Eelsten op Zürich besichen ze goen, ware Wiederen um Gotthard. Den Niwwel war samschdes, wéi mir do uewe fort gefuer sin.

De Goethe louch awer schon net doniewend, wéi hie behaapt huet: "Mir ist's unter allen Gegenden, die ich kenne, die liebste und interessanteste."
Nicon07 07.08.2022 - 10:05
By the way: mir sin de Gotthard per pedes iwwert de "Saumpfad" rop an op där aanerer Säit ee Stéck vun der Tremola am Summerwee nees ropgaangen. De Furka-, Grimsel- a Sustenpass si mir mat eisem bayeresche Motorwon klimatiséiert rop a rofgekurvt. closed_eye
tormi 07.08.2022 - 11:07
Den aalen Gotthard vun Airolo aus iwwert den Pavé ass bis ewel daat beschtent waat ech mam Velo gemaacht hun. Um Susten war onwahrscheinlech vill Traffic an vum Furka krut ech neicht mat, deen Daag huet een keng 5m weit gesinn. Awer absolut derwärt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 312 Gäscht online