De Cinéstill-Rendu ass einfach nëmmen de Glanz. Wann ech di Foto do gesin, dat erënnert méch un déi Fotoen, déi mäi Papp zu Ostende oder/an zu Blankenberg vu mir gemaach huet sou Enn 1960er Joere, wann ech do am Sand gespillt hun oder mat de Go-Carts iwwert d'Digue gebriedert sin.
Merci, Nico. Genee esou ass et, ech hun och hei am Sand ode mam Draach gespillt a meng Mamm huet mech aus dem Appartement eraus ëmmer am Bléck gehaat. Iwriens déi Residenz vun deemols steet nach ëmmer do inchangée, zu Coxyde schéint d'Zäit stoen bliwen ze sin an daat ass och gut esou.
De Cinestill 50 ass, genee wéi d Filmer vu Sunbath oder Cinema Film by ars-imago, ee Kodak Vision 3 Kinofilm, dee fir Stills konditionnéiert ass. Si si geduecht, fir am ECN2 Prozess entwéckelt ze gi, wobei Cinestill ugëtt, datt hire Film och am C-41 entwéckelt gi kann.
Ech hu mir lo mol bei sunbath hirer Vision 3 200 ISO komme gelooss an testen dat da mol - an der F6 - an da schécken ech se bei si a, fir d Entwécklung. Sunbath sin 2 Bridder vu Paräis, déi di Filmer verkafen an och entwéckelen am ECN 42. ech hun op youtube ee Filmche fonnt, wou een dee Film getest huet an di Biller ware farfléch gesi ganz iwwerzeegend.
Daat do schéint mir eng ganz spannend Affaire ze gin, iwerhaapt, ech bewonneren den Experimentéierloscht a Wëssen daat selwer Entwéckelen vun denen sëllege "onbebkannte" Filmer déi du ëmmer op deem franséischen Site proposéiert kriss, an d'Resultat léisst sech weisen, do kënnen se an der Eiffel net mathalen
Déi do gesäit geféierlech aus mat deem Viseur drop. Uiuiuiuiii.
BTW, de Cinestill 400 Farffilm ass och lo um Maart. Ech hun der bei ars-imago zu Zürich fonnt am 35mm. Den 120 war schon out of stock. Mir gëtt den Hype fir analog sou lues onheemléch.