Déi Katastrophen-stemmung, einfach super. Fehlt just nach den beisen Draach deen an den Wolleken flitt. an all moment kéint en Faierstraal aus den Wolleken kommen.
Bei der 1. hätt och nach bessi mei Himmel (bessergesoot Wolleken) dropp sinn.
Freet mech daat se der gefaalen!
Ech sin am normalen kee sou en Draachenfan, mee wan ech en coolen um Inet fannen amseiren ech mech vleit en bessen. ;P
jaaaa ... dei Wolleken woren krass geil !
du hus se heichkannt geholl, souweit hun ech emol net geduecht !
am fong hàtt een och kennen eng Ston fun dobaussen aus Fotoen machen wann Maggele, Shanti an *???* net sou honreg gewiercht wieren !
*???* = Filou
Ech muss unbedingt mol kucken waat ech nach op der Kaart hun well ech mol net wees ob ech och sou eng cool Wollekenfoto gemeet hun. D'Panoramen sin ganz flott gin awer ech kann se net op PG eroplueden, se sin zevill Breed (also bei 2000 pix hun se net den Minimum un Heischt).
Super Fotoen awer vun Ierch 2!
merci shanti !
kanns deng Foto jo als Wallpaper eropsetzen oder as se dann nach emmer ze grouss weieng Dim. huet se dann ? hues de en HighRes Pano gemach ?
Deen gréissten ass 50000 pix breet, awer net heisch, obwuel ech den Panorama am Portrait gemeet hun. Deen Eenzegen den ech kéint eroplueden ass den leschten den ech gemeet hun awer do erkennt een bei 2000 pix och keng Detailer méi. Do ass Esch drop vum Belval bis Scheffleng, an op voller Resolutioun geseit een den Kirchbierg souguer. Ganz kleng ass et awer net interessant ze kucken.
Also Merci mol dier2 vier dee positiven Feedback!
Kanns de dei Panoen net ob dein Site lueden Jean-Claude, hues mech och lo e bessen fuerwelzech gemaach!