Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vis-a-vis...

 
Vis-a-vis...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.09.2011
  • Gekuckt:
    20189
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/4.0
  • Brennwäit:
    12.8 (60mm)
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    600x800
  • Späicherplaz:
    562 KB
  • Originaldatum:
    30 aout 2011.
  • Fotoapparat:
    Lumix-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58704]
Kommentar vum Fotograf:
...vum Musée du Quai Branly
Zora 08.09.2011 - 07:35
Immens getraff, super Spiegelung an Faarwen
Maimonides 08.09.2011 - 20:47
Merci, Zora,

Fir di do awer
an 1 Kontext ze setzen
hat ech dës
vir d'éischt proposéiert:

Musee du Quai Branly.
Jeanny 08.09.2011 - 07:51
eng immens flott Spigelung, Faarwen a Foto Charel
Maimonides 08.09.2011 - 20:48
Merci, Jeanny.
gogo 08.09.2011 - 07:56
di häiten gefaellt mer vill mei besser wi di anner wou en jhust d'Gras gesin huet.


Gudd gelongen
Zersch 08.09.2011 - 09:15
Flott Spigelung an Foarwen. An däin aanert Bild mam Gras as jo hei och nach emol "dran" smile Schéin.
Maimonides 08.09.2011 - 20:54
Genau esou, Zersch.
A Merci.
Maimonides 08.09.2011 - 20:53
Merci och dir, gogo.

Di "aner"
weist iwwerhaapt kee Gras,
just Lëtschen.
Déi war awer néideg
fir dës korrekt
kucken ze kënnen.

closed_eye
gogo 08.09.2011 - 21:58
jo Gras Lëtschen, daat gréngt bigsmile

an Recht hues de, soss wees en effektiv net waat et mat dem Gras, also Letschen op sech huet smile
Maimonides 08.09.2011 - 22:20
an:
...an deem Gréngs
ass een Zonk aus Eisen,
deen esou gutt verstoppt ass,
dass en schwéier ze gesinn ass.
gogo 08.09.2011 - 22:23
ahjo tatsaach,
ech hat gemengt daat wier sou eppes wi bronge Bambus oder sou bigsmile

Lauter Iwweraschungen!
Maimonides 08.09.2011 - 22:34
Dee ganzen Site ass voller Iwwerraschungen, gogo.
Och Owes.

Kuck och hei
vum NikonD80:

Musée du Quai de Branly@Parais
.

Mais deemools war de Park just ugeséint.
Jaycee 08.09.2011 - 11:11
Super grafeschen Effekt Charel, gefällt mer ganz gutt, ech si mer just nët am Kloren, ob ët nët eventuell besser wär den ënneschte Rand mat der Entrée eweg ze schnippelen...?

Wéi gesäis du daat, respektiv, wéi gesin aanerer daat...?
Maimonides 08.09.2011 - 21:04
Ech hat se, fir d'éischt, ouni Garagen cadréiert. Dat ass mir awer gelungen virkomm. De Luuchtepotto houng an der Loft an ech hunn mech gefrot op do iwwerhaapt 1 dës Foto esou kéint novollzéien. Ech hunn dunn e bëssen méi "terre à terre" iwwerluecht, an dat ganzt Haus dann awer gewisen. An deem Fall ass de Kontext jo och kloer, och wann d'Foto villäicht, eng Grëtz, manner gutt ass.

A Merci, Jaycee, fir deng Fro.
Jaycee 08.09.2011 - 22:06
... a merci fiir däi point de vue Charel... smile
mischii 08.09.2011 - 13:30
ech si begeeschtert Charel, fir mech kann deen enneschten Deel dru bleiwen, well et interessant ass, dass do nach en Auto an der Spiggelung ass
Maimonides 08.09.2011 - 21:10
En décke Merci, Michèle,
ech hunn déi do op der Daach-Terrasse vum Musée geknipst. Vun uewen erof also, vis-à-vis.
jorsch 08.09.2011 - 19:25
Esou hues de schonns en Oeuvre op der Façade vum Musée!
Mir gefält d'Spigelung immens gutt, et ass e Puzzle, dobäi och nach an de Kontrastfaarwe rout a gréng op neutralem Fong!
Ech hoffen am Musée ass et mat der Konscht esou niveauvoll weidergaangen!
Maimonides 08.09.2011 - 21:13
Merci, jorsch,
ech kucken emol wat sech maachen léisst.
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 285 Gäscht online