Gefällt mir gudd, kann zwar net richteg beschreiwen waat mir un esou Laangzäitbeliichtungen gefällt... as et dee "verschwommenen" Himmel a Kontrast mat den schaarfen Konturen vum Gebai? Einfach schéin unzekucken...
Du gesais et ewei ech et well erem gin: dh:
Am Fong ass d'Architektur eischeter en Pretexte well sie gin formen unn dei Luucht opsaugen... en mélange vun statik an Luuchtflow... daat get dann deen e bessi surreelen aspekt ... cf och dem Zerebruz seng laescht Biller...
Mé gleew mir et meet en der net 20 d'Woch dovunnen ... 1-2 d`Woch wann een Zait huet...
Ech hun mer nach e Puer vun dengen Fotoen ugekuckt... kucken och beim Zerberuz eran. Gett et villäicht am Forum eng Diskussioun iwer Material an Techniken?
Né... guer net ... ech mengen dass mir elo als mat deenen enzeschen dei desen Stil entdecken (an mon avis ... mé et keinten anerer do sin) an fir sech do besser ze informeiren kuck mool desen auteur
https://www.flickr.com/photos/juliagospodarou/
an sich op Google
Tjintjelaar (en Hollänner )
Jo, et gin nach Leit dei liesen Bicher... an stellen se duerno och nach an e Regal
Fier sou typesch Anfänger Froen as dach e Buch genau daat richtegt, bei spezifesche Froen wees ech jo elo wou ech Äntwerten fannen
Ben wann et em Bicher liesen geet verstinn ech dech... ech sin alt een dé keng bicher iwert d'Fototechnik keeft... mé leiert vum kucken ... Et gin alt Saachen dei een net an Wieder emwandelen kenn , ... Bonne chance mam Buch (richteschen ze fannen)...
Se sinn interessant an e Liichtpunkt am Bild, ... mä se steiere mech well e net direkt gesäit wat et ass (komesch Logik gëll) Bei engem Porträt ass eng Narb interessant eng Pautsch mëschten net, dovir maachen ech déi eraus. D'freet sech elo wat et fir dech ass d'Pausch oder d'Narb ?
Fir mech ass et d'Pautsch, an dofir géif "ech" se erausmaachen ... an den Titel änneren
Et waar zu Copenhagen... do sinn nemmen Fleeschkéi do... dei gëllen fënnt en nemmen an Indien
Hun dir jo gesoot ech geif se eweisch huelen dei ... Still ... en pplus aus plastik
Majo ... dei 3 Still do hun awer d'Diskussioun op de Bier an op de Won gedriwen... wannse daat gewosst haetten (d'Still aus Plastik) dann waeren se dobannen bliwen Mé sie waren awer do ... an kuck mool dei waeren net drop gewiecht ... dann haetten mir ais elo net esou gudd amüseiert ... Oder... dofir ... daat schlecht kennt net emmer fir ze schueden.. dann loossen mir elo d'Still um Balcon... :D
iwer waiss Objeen dierfe Fraen schwätzen : Wäschmachin, Trockner, Frigo; Streckeisen etc... dofier sin Sie bei der Hochzeit jo och waiss ugedoen Ed, wosst de dat net?
Gaga, déi Zäiten wou Fraaen just hannert dem Kachdeppen stungen sin doud! An wäiss get haut och net jidereen méi bestued, du wees jo dass Fraléit déi besser Männer sin!!!!
Hey... Pierrette ... do geste awer elo net féminile mais feministesch an u ges ais d'Rescht fir nees Machoen ze sin... an en plus wien zitt bouwen op? D'Mammen....
Et fehlt villeicht nach un Presenz (den terme deen gebraucht get fir d'Aan ze dirigeieren an fir duerch purem hell-donkel kontrast an mat der Luminance (tounwert) de sujet en evidence ze setzen an en plus daat surrelistescht erauszeverschaffen.
Fir dorobben ze koemmen brauch ech nach e puer --- hmmm .... en halleft Joer
Di net ëmmer Symmetresch Stäipen (Ofdeelunge op de Balkonen) leeden de Bléck no uewen et probéiert een se sou ze soen ze sichen. Still ënnerbriechen d'Sich um Wee no Uewen een bëssen. Luucht di vun lenks kënnt, setzt Gebai an een schéint Liicht duerch de Kontrast. Kanns gären där doter nach méi weisen!
Dein Komment ass eng flott visioun vum Bild... Villeicht ( jo villeicht ) ass daat waat ech wollt weisen...
Dei Still hun fir vill Diskussioun gesuergt... Weeste waat? ... Well dei net ewesch huelen... mé ech hun awer och e Bild ouni Still ... eweschgestempelt ...
Et ass einfach deen Element dén steiert ...
Et ginn vill Méiglechkeete däin Bild ze gesinn oder ze Kommentéieren. Nodréiglech géing ech awer nach soen. Dass du Still um Balcon awer schonn an dengem Titel betoun hues! An am Moment denken ech schonn erëm en bëssen anescht! Eigentlech kéint een Still jo och als eyecatcher gesinn? Egal ech Respektéieren deng Wonnerbar Aarbecht!
Du wees jo dass d'Foto existeiert duerch dei Lait dei et kucken... an d'Subjektivisatioun ass intrinsesch an der Visueller Konscht ... mé wann én dobai stoen bleiwt , dann hescht et dass et komunizeiert huet... egal waat dobai eraus kennt ..
Soen dir villmols merci