Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

M S M

 
M S M
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.08.2015
  • Gekuckt:
    28934
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    8 sec
  • Blend:
    f/5,6
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    -2 1/3 EV
  • Gréisst:
    1200x821
  • Späicherplaz:
    381 KB
  • Originaldatum:
    Juni 2012
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=84002]
Kommentar vum Fotograf:
..de Klouschterbierg am SW
Conley 14.08.2015 - 23:32
Schéin Grafesch Linnen déi de Wee, oder de Bléck op de Klouschterbierg leeden. Deen dann eng zwar minimalistesch awer ganz gutt SW bea huet (reduzéiert op de Sujet mam Spot an den Himmel ) an och do duerch gutt eraus stécht! Déi horizontal Wolleken gefält mir hei och nach ganz gutt!
marker 15.08.2015 - 17:57
..déi grafesch Linnen ass a sech de Floss Guesnon deen hei guidéiert get, ..an neierdings de MsM bei ''haute marée'' vum Mier emspullt ass. Fir den Accès ze garantéieren gesäiss de riets am Hannergrond eng Foussgänergrëck op Stelzen.
Merci Conley.
NikonD80 15.08.2015 - 11:19
schéin Foto vum Mont Saint-Michel am SW



Mont Saint Michel@night
marker 15.08.2015 - 17:58
...mech zitt et ëmmer nees dohin. Merci NikonD80
gemu 15.08.2015 - 13:19
Eng schéin entrée an d'Bild mat flotten Führingslinen bis zum Motif. Aussergwéinlech Interprétation vun engem bekannten Sujet. Big like.
marker 15.08.2015 - 20:29
..deng Wierder hei bei dësem Bild ze liesen huet mir richteg Freed gemach Georges, an en plus natierlech och dat d'Bild dir gefällt.
Merci beaucoup.
Jean-Jos 15.08.2015 - 13:34
Onspektakuläer am sw awer dofir mat exzellenten Growäerter an enger feiner Bildféierung! I like.
marker 15.08.2015 - 20:38
..och dir Merci gesot fir deng Appreciatioun Jean-Jos. Mech freet et.
OK-Photography 15.08.2015 - 14:31
interessant kontraster, oder eben grad net - wat ech se mei laang kucken wat ech mei begeeschtert sinn vun dem minimalen dymaechen Emfang vun den Growerter bei dach maximaler Wierkung vun der Foto - impressionant! bigsmile
good job, alt mol nees!
marker 15.08.2015 - 21:05
..ganz gutt erkannt. Insgesamt ass de Kontrast awer ganz héich am Bild, de Virgronn huet allerdings just ganz wéineg Partiallkontrast, au contraire de beliichte Klouschterbierg.
Mir gung et awer och drëms nach Zeechnung am däischtere Virgronn ze bahalen, och wa se nëmmen minimal ze erkennen ass, kee Punkt ass pechschwaarz, a fir dëst Bild propper am SW ëmzesetzen war doweinst schon eng kleng Erausfuerderung. Et gesäit fläicht net dono aus, den Opnahmezäitpunkt war um 23:20
Merci beaucoup OK-Photography..!!
Jeanny 16.08.2015 - 07:57
klicken e muss. ganz schein am Bild festgehalen och Bearbechtung ass tip top
marker 16.08.2015 - 09:12
..et freet mech Jeanny, an dofir een décke Merci..!!
MsJarryman 16.08.2015 - 10:00
Eng richteg gutt Nuetsopnahm vum MSM, an ëm déi Zäit do bestëmmt herrlech roueg.
marker 16.08.2015 - 23:51
..roueg jo, do wou ech meng Opnahm gemach hun. Et war awer erstaunlech wéivill Leit nach ëm dës Zäit ënnerwee waren, souwuel Richtung MSM wéi och fir zréck. Erkennen kanns de der esouguer e puer ganz riets um Steg.
..Merci fir däi Komentar MsJarryman.
Zora 16.08.2015 - 10:37
Immens!!
marker 16.08.2015 - 23:53
..an dofir een immens grousse Merci Zora closed_eye
jorsch 17.08.2015 - 21:30
Eng flott Nuetsstëmmung.
Technesch super ginn, nach mat erstaunlech villen Detailer trotz der relativer Däischtert.
marker 18.08.2015 - 10:37
..jo, mat den Detailer ech war selwer iwwerascht, secherlech huet awer de groussen Dynamikëmfang vu der Kamera och säin Deel bäigedroe.
..Merci jorsch..!!
theom 19.08.2015 - 09:06
Erëm eng Top SW Opnahm, dei Linnen fir aam Bild leeden de Bléck op den Haaptsujet.Schued datt de Spot riets niewend dem Turm d'Siluette e bessen steiert.
marker 23.08.2015 - 12:42
Merci fir däi Kommentar Rob, et freet mech..!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 371 Gäscht online