Ee schéinen Opnahmewénkel an alles wat kéint stéieren gutt ausgegrenzt. D'Liichtintensitéit passt, zemols par Rapport zu de Häiser hannen an der Gaass. De Schiet ënne lenks ass eng Plus-value, gutt proportionéiert a verleet dem Bild e gewësse Raum an Déift.
Op den éischte Bléck am onglet hun ech gemengt, di Foto hei wier an enger Uertschaft donidden an der Provence gemaach. Ech hätt ni geduecht, datt eise Fëschmaart kéint ee mediterrane Flair verstréime, wann een eng richteg beliichte Foto an deem Eck mécht. Fir de Rescht schléissen ech méch dem Marc sénger Analyse un.
Jo, wien hätt daat geduecht, Vakanz heiheem, eis Staat get nach op emol eng richteg Konkurrenz fir d'Provence , d'Liichtstëmmung war grad top, e kuerzen Rass an der Wollekendécken an dobäi nach de faarwlech passenden Store um 1. Stack, also ideal Konditiounen fir daat Resultat. Merci Nico fir deng Analys