Kommentar vum Fotograf:
D'Molberlee bei Houschent, wee kennt se nët? Déi wuel bekannteste "Gratwanderung" vu Lëtzebuerg aus der Schlënner rop op Houschent (ween se deen aanere Wee geet kënnt net op séng Käschten a puncto Fitness, mais muss dofir awer méi schwindelfräi sin...). Ech ka jiderengem, deen nach gutt zu Fouss ass an deen och nach bei gudder Konditioun ass, recommandéieren, déi Montee vun 1,2 Kilometer Längt an ongeféier 140 Héichtendifferenz eemol vun Houschent rof an d'Schlënner an dann neess rop op Houschent ze goen, fir se voll a ganz ze genéissen...