Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Windows

 
Windows
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.03.2022
  • Gekuckt:
    17283
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/750 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    21 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    1500x1500
  • Späicherplaz:
    1703 KB
  • Originaldatum:
    2022
  • Fotoapparat:
    LEICA M10 MONOCHROM
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Leica Super-Elmar 21mm f/3.4
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91911]
Kommentar vum Fotograf:
mac-compatible

Pavillon CFL zu Betzder op Suggestioun vum Nicon07, Merci Nico
Nicon07 19.03.2022 - 18:03
Ma gär geschitt. Ech gesin, du wees déch do auszetoben. Richteg flott Spill mat Liicht a Schied an de Formen a Flächen. S/W ass hei « the only possible choice. »
gemu 19.03.2022 - 23:56
Merci Nico fir deng appréciatioun
Nicon07 19.03.2022 - 18:07
Eng Fro: wat ass un deem Objektiv besonnesch, datts du hei mat Opeblend geschafft hues? Fir de Bokeh kann et jo nit sin, well hei ass jo alles scharf.
gemu 19.03.2022 - 23:55
Esou wäit ech mech erënneren hun ech mat Blend 5.6, eventuell 4.0 geschaft, di exifdaten betreffend Blend sin nëmmen eng onprezis Schätzung vu LR, Leica M iwermettelt keng Daten iwert d'Blend. Et ass awer richteg dat ech gewollt d'Blend net zevill zou gemach hun fir kee Wackeler ze kréien. Ech hun missen an enger onstabiler Haltung am Liveview cadréieren wëll mäi Sucher nëmmen maximal 28 mm uweist an ech keen externen 21mm Sucher matgeholl haat
wuff 19.03.2022 - 19:07
Quadratisch, praktisch, gut
gemu 19.03.2022 - 23:46
Merci Mike, ech hoffen d'Famill Ritter gesait awer lo keng Verletzung vun hirem Patentrecht closed_eye
wuff 20.03.2022 - 07:06
Déi gesinn daat bestëmmt SPORTlech %uD83D%uDE09
gemu 20.03.2022 - 08:57
smile
tormi 19.03.2022 - 21:27
flott wann eng onperfekten Symmetrie perfekt ass, schein gesinn ... an ouni Fläsch
gemu 19.03.2022 - 23:45
Merci Tom... ouni Fläsch, awer nëmmen wëll ech virdrun bessi de ménage gemach hun a glécklegerweis eng Dréckskëscht nobäi ass closed_eye
tormi 20.03.2022 - 09:34
Exzellent closed_eye sou schléist sech den Krees
theom 20.03.2022 - 10:55
Zu Roodt/syr steht och nach e grousse Holzschapp um Quai,
Windows passt immens op deng super SW Opnahm.
gemu 20.03.2022 - 12:35
Merci fir deng appréciatioun, de Schapp zu Rued steet och nach op menger to do Lëscht, ech hun awer bis elo do nach näischt ronn kritt waat mech 100% zefridde stellt unhappy
marker 20.03.2022 - 20:39
Herrlech Luucht am Bild, ..do kënnt de Begrëff Fotografie, ''also molen mat Liicht'' voll zur Geltung!
Fir mech eng top Opnahm Georges!
gemu 21.03.2022 - 11:46
Merci Marc, hu mech iwer däi Kommentar a besonnesch iwer de fav gefreet

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 375 Gäscht online