Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Highlights/Shadows verbesseren
 
Highlights/Shadows verbesseren
Virdeischt gi mer mol vun engem Bild wei dat heiten aus. D'Luuten vum Bus sinn vill ze hell, woubei de ganze Recht ze donkel ass. Maat d'Bild am Gimp oder am Photoshop ob. Woubei ech an desem Tutorial The Gimp benotzen.



Dann klickt der ob "Duplicate Layer". Ech hun dem Layer lo keen extraen Numm ginn mais wann der wëllt kënnt der dat man.



Lo desatureiert der den copeierten Layer. Am Gimp fannt der dat enner Colors -> Desaturate.



Beim nächsten Schratt muss der de copeierten Layer inverteiren. Am Gimp fannt der dann rem enner Colors -> Invert.



Lo muss der den Mode vum dupliceierten Layer vun "Normal" ob "Overlay" sëtzen.



Well lo d'Gesamtbild e bessen onschaarf wierkt kennt der am copeierte Layer den Effect "Gaussian Blur" applizeiren. Wärter tescht 10 an 35 sinn meeschtens gudd.




Wann der dat lo gemaach an d'Bild gefällt ierch dann kennt der den original Layer mat Riets-Klick uklicksen an ob "Flatten Image" klicken.



Lo braucht der d'Bild nëmmen nach ze saven an faerdeg ass et ;).
Geschriwwen vum paulwagner 21.02.2008, ass säit deem 22552x gekuckt ginn.
klex 21.02.2008 - 21:57
Dee wee kennen ech net... gudd Iddi! merci smile
paulwagner 21.02.2008 - 22:22
Hélas d'Idee stammt net vu mir. Benotzen dat doten awer scho sou laang dat ech net mei weess wou ech dat gesinn hun.
Olivier 22.02.2008 - 07:46
Aaaah... daat ass jo schon mol top smile

Wousst nie su richteg wei et geet smile

Merci villmols fier deng hellef smile

Kann een jo och sou schäerfen, ass bis lo an mengn aaen den beschten wee:

http://www.photogen.lu/index.php?page=view_tut&id=74

paulwagner 22.02.2008 - 13:23
super dein tutorial, an merci.
Johny 23.02.2008 - 00:20
Den éischten Tutorial ënner Linux ... Gratulatioun closed_eye

Daat läscht Bild gëtt net ugewisen, haas de daat vläicht geläscht oder sou?
paulwagner 23.02.2008 - 09:21
Ehm nee, ech hun dat obmanst 5x probeiert unzeweisen mais et ass net gaangen. Ech hun et souguer nei geupload.
Johny 24.02.2008 - 00:12
OK hun de Feeler entdeckt. Et ass sou dass all [/up_img] muss NOM Text kommen dens de wells nieft dem Bild hun, mee bei dir am Code stung iwwerall den [/up_img] firun de Biller. Sou war um Ufank een e vill an zum Schluss een ze mann. Lo ass et am fong sou wéi et warscheinlech geduet war?
paulwagner 24.02.2008 - 21:36
Jop villmols merci
Johny 24.02.2008 - 22:55
Gäergeschitt, ech gi jo net fir näicht bezuelt ... ah waard, ech gi guer net bezuelt, merde closed_eye
n0brein 11.03.2008 - 22:36
ubuntu - linux for human beings!
paulwagner 15.03.2008 - 11:28
cool

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 322 Gäscht online