Topfotoen sin elo geännert
(06.05.2006 - 03:44)
Suwuel am Forum wéi och per PM sin emmer rem User gewiecht déi sooten den Vote-system wir net immens, well d'Leit en net eecht huelen oder net richteg verstin. Verbonnen mat den Topfotoen dei een konnt kucken war daat nët wirklech daat waat sollt domadden erreecht gin. Daat war dun séier kloer an dun hun mer eis eppes äusgeduecht fier eis Topfotoen eben aanescht ze wielen, wubäi mer op folgend Décisioun komm sin:
Topfotoen gin elo vun enger Art Jury gewielt. Mee all registréierten User kann eng Foto fierschloen, dass se als Topfotoen geholl gët. Dofier gët et lo en extraen Link och wann een eng Foto kuckt wou ugewisen gët wann ee se kann fierschloen, wann se ugeholl gin ass, wann se refuséiert gouf oder wann se an der Oofstëmmung ass. No dësem Fierschlaach dann kennt déi Foto an d'Oofstëmmung, woubäi d'Jury just seet ob se OK ass fir Topfoto, oder nët. Wann dann méi wéi 6 Stëmmen derfier sin, gët se als Topfoto geholl. Méi wéi 6 Stëmmen bedeit méi wéi 50%, well d'Jury besteet äus 12 Leit.
Déi Leit déi dann an der Jury sin sin folgend:
yoshi, Lydie, Lex, mmphotos, Maggele, amBesch, Nicon07, CK, Anouk, kola, alma an ech seet de Geck.
Dës Leit sin eräusgesicht gin nët alleng no fotografeschem Wëssen oder ähnleches, mee haaptsächlech wollten mer Leit hun déi och aktiv genuch sin um Site, an wëssen wéini eng Foto top ass, oder nët. Mat der Zäit wärten mer och secher nach den een oder aaneren froen fier mat bäi ze kommen an des Jury. (Mee froot w.e.g. net fier dran ze kommen)
Topfotoen kann een kucken entweder all mateneen, sortéiert no den Kriteren wéi een gewinnt ass, just wann ee se dem Datum no sortéiert gi se sou sortéiert wéi se der Rei no als Topfoto gewielt gi sin, fier eng besser Iwersiicht ze hun, an als User och ze mierken wann eng mei aal Foto bäikomm ass. Et kann een Topfotoen awer och ënnerdeelt kucken an zwar ënnerdeelt an eisen Haaptkategorien.
Am Moment sin nach keng do, daat läit drun dass lo mol all déi aal Fotoen mussen fiergeschloo gin.
Ech hoffen dann dass dëse System zefriddenstellend ass fier déi meescht.
(Den User Vote ass nach do, jo, mee huet soss guer keng Bedeitung mei. Vläicht gët och nach eppes klenges un dem geännert an Zukunft fier d'Saach mei einfach ze maachen)
WICHTEG:
Denkt drun dass bis en Méinden Owend Fotoen fier den Contest kënnen ropgelueden gin, also just nach 3 Deech, an bis elo sin just 7 Fotoen do. Do feelen der nach vill :)

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Johny
06.05.2006 - 21:28
Haut war während 20 Minutten ongefeier bei all Foto ze liesen, se wir oofgeleent gin als Topfoto. Daat war e klenge Feeler beim Schreiwen an Datenbank, ass awer an tëschen Zäit behuewen an rem alles wéi virdrun.
Jean-Jos
06.05.2006 - 23:11
De voting-System hat vläicht déi eng oder aner lacune, wat ee fir méng Begrëffer awer nët iwwerbewäerte misst, et geet bei Fotobewärtongen jo nët onbedéngt ëm eng helleg Kou an et sin ebe nët ëmmer déi technësch an artistësch wierklech gutt Fotoen, déi de Nerv vun denen, déi se kucken, treffen…(drop hinzeweisen, datt d'Zesummesetzong vum Publikum och all Dag eng aner ass) ; dee System deen elo agefouert gouf huet awer och eppes fir sech: wann en och op den éischte Bléck nët esou transparent (et kann ee jo nët méi drop awiirke, wa bis en aneren se virgeschloen huet) awer dofir méi opwänneg schéngt, esou gefällt mir dobei d’Zesummesetzong vun däerer ausgeglachener Jury.
By the way: ech profitéiere vun der Geléenheet, fir den Admin’en Merci ze soen fir hir engagéiert Aarbécht a fir d’Ënnerstëtzong vun alle jonken a manner jonke Fotografen durech hiir comments! Sorry ech war elo e bësse lang

07.05.2006 - 00:10
Mee sou wei et virdrun war war et eben sou dass bei Topfotoen Fotoen hikomm sin dei net wirklech dohi geheiert hun. Dofier wollten mer daat ganzt emstruktureieren.
Freed mech awer wann et der trotzdem zouseet an och natirlech dass de anscheinend zefridden mam Site bass

07.05.2006 - 11:53
Ech kann gutt domadder liewen
fannen flott , datt d'Topfotoen no verschiddene Kritere kënne gekuckt gin.

07.05.2006 - 12:31
Mengs de d'Ënnerdeelung an eis Haaptkategorien domat oder d'Sortéirungsméiglechkeeten?
d'Ënnerdeelung do wollte mer eng hun mee et haat kee wärt se anzedeelen an all eis Kategorien dei mer an der Galerie hun, daat wären der ze vill. An daat mam sortéiren ass eben wei emmer

07.05.2006 - 13:07
Hun d'Kategorie gemengt, wann dat virdru och war hat ech alt mol nees eppes verpasst, dat kënnt vir
Johny
07.05.2006 - 13:33
An der Galerie hu mer jo Haaptkategorien an dann nach Ënnerkategorien, an daat sin der ze vill fier Topfotoen. Mee dei Haaptkategorien sin do eben genee nämmlecht.
ploro
08.05.2006 - 16:45
ass nach en fehler am script, d linken beim text ('josi' huet des doto fir n d topfotoen virgeschlo)
do funktionneiert den josi link net
do funktionneiert den josi link net
Mojoo
08.05.2006 - 17:23
Ech fannen dat souwisou iirgendswei net wichteg ween d'Foto als Top Foto fiergeschlooen huet.
Et soll jo net nemmen un engem hänken, mee un all deenen Léit dei d'Foto bewärt hun.

08.05.2006 - 18:38
@ploro: Quatsch, geet dach alles (Merci fir d'bescheed soen)
@Mojoo: Mee et ass eben den, den den eischte Schratt gemaach huet fier dass se Topfoto gët.

08.05.2006 - 19:17
nixda et geht net et geht wann se bis an den topfotoen ass mee hei zb net http://photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=3092&old_userf_page=1&oldfolderid=
se guf nach net akzepteiert alls topfoto an et get nach driwwer diskuteiert

JADE
09.05.2006 - 14:42
Eng "optesch" Propose:
Esou wéi déi Fotoen déi als Topfotoen ugeholl gin sin gréng angerummt sin, kéinten déi déi nët ugeholl gin sin roud angerummt gin, an am selweschten Gedankenlaaf déi déi am gaangen sin ofgetsëmmt ze gin orange?
Den Avantage: ët vermeid dass een d'Foto unklickst fir se ze proposéieren an dann eréischt feststelt dass daat schon de Fall war.
Nach eng aner Propose, fir ons Useren, fir méi bäizeléieren:
ët wier interessant an zemols léierräich wann een kéint gesinn aus waat fir engen Grënn, no waat fir engen Kriterien, eng Foto als Topfoto ungeholl gin ass oder och nët, z.B.
° Sujet + , ++, .... - , --, oder "originell/interessant/...." oder eben déi Kriterien déi dir benotzt, dir kennt
iech do besser aus ewéi ech
° Cadrage (idem)
° Schärft (idem)
° Beliichtung (idem)
° etc ......
ech kennen wierklech nach nët genuch Terminologie an dësem Beräich, sorry!
Ech kann mir awer och virstellen dass daat vill Aarbecht kéint sin/gin fir esou eppes opzestellen!
Ët géing awer och den Useren erlaaben besser ze verstoen ewéi ët zu enger gudder Foto kann/kéint kommen, an firwaat verschidden Fotoen déi proposéiert gin sin, an allgemeng als gudd Fotoen vun hinnen betruecht gin, ët awer vun der Jury aus gesinn, eng "Expertsgrupp", (ech nennen iech elo emol esou, vu déi Memberen déi dran sin), nët esou gesinn gin ass.

09.05.2006 - 14:51
Nee daat mat der Rumm hun ech express nemme gemaach bei denen dei dra sin. Et stierwt een net vun engem Klick ze vill op eng Foto
Daat aanert, secher net. Dann hätte mer och de Voting direkt kënnen ënnerdeelen an dei verschidden Punkten, an dann an dem Fall hätt kee mei gevote. Et geet hei drems dei bescht Fotoen vum Site zesummen ze hun, ech denken dei Leit dei eng Foto dran hun wësse selwer waat un der Foto gudd ass, a waat nët. an wann ee vun denge Punkten deis de opgezielt hues immens schlecht ass bei der Foto, gët se och zimlech secher net ugeholl.
Ze vill Arbecht wir et och, fier eis Jury-memberen emer all Foto sou eenzel ze bewärten, mer kënnen net 12 Leit mol derzou brengen sou vill Zäit dofier hierzegin...

23.05.2006 - 22:11
Ah? An wiesou nët méi?
Johny, vu dass du villäicht dann den Numm vum mmphotos vun der Jury-Lëscht eweghëlls, dann kéinst du jo daat matt dem "méi wéi 6 Stëmmen, ..." an engems verbesseren, oder?
Bleiwt ët dann och nach ëmmer bei 8 vun 11 Jury-Stëmmen fir dass eng Topfoto als solch ungeholl gët?