Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Kino (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=564)


Geschrieben von Maggele am 31.01.2007 um 22:03:

  Kino

ech probéieren een neie thread iwwer kinofilmer ze man. hei kann een diskutéieren wéi ee filmer fonnt huet, oder u wéienge filmer een intresséiert wier se kucken ze gin. DAT as neemlech dann intressant wann een dann och rendez-vous'e kann ausman an se einfach mat photogeniste kucht déi de film och kucke wellen smile

hei as z.b. esou ee film! dee kënnt nach net eraus an ech fäerten e kënnt hei am land net op t keinwand, mee fläit an méi alternativ kinoen! ech fannen et ob jiddefall mega-intressant den adam sandler mol rem an enger manner witzeger roll ze gesin. heen as a méngen aen neemlech ee geiale -seriöe schauspiller- !

http://www.apple.com/trailers/sony_pictures/reignoverme/

et gesäit aus ewéi wann all déi remakes esou lues en enn hun an neie stoff an 't studios kënnt smile



Geschrieben von Mojoo am 31.01.2007 um 22:14:

 

Gesäit ganz gudd aus. Firwaat mengs de dass deen hei am Land net gewise gëtt?



Geschrieben von Maggele am 31.01.2007 um 22:16:

 

well e relativ alternativ wierkt. also dofir mengene ch éischter am utopia oder ähnleche kinoen. am utopolis fläit net, oder nemme ganz kuerz... kanns du mer nach engkéier déng nummer gin? ech hun een neien handy an et fehle mer e puer nummeren. dorenner och déng an déi vun dénger fra. wier léif, merci Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 31.01.2007 um 22:24:

 

Maggele hues de och neien Computer o_0 Bass net am MSN online, an wollt am fong mol froen wei daat lo gaang war mam Mac ...

Film schéngt interessant ze sinn smile



Geschrieben von Mojoo am 31.01.2007 um 22:25:

 

Ei Jungs, et gëtt jo awer nach een PM System... großes Grinsen .



Geschrieben von Maggele am 31.01.2007 um 22:29:

 

de johny wollt amfong nemme soe wéi intressant en de film fënnt. dat anert woar niewebäi! oder éischter ëmgedréit? großes Grinsen mojoo do sin zwar e puer zeenen dran déi det a ganz helle räim spille, mee fläit hällt däin hues de film jo aus an da gi mer deen zesumme kucken. ech vermessen hat e bessi smile



Geschrieben von Mojoo am 31.01.2007 um 22:33:

 

Bah wann den Film hei am Kino leeft gin ech en ganz gäeren kucken.



Geschrieben von Kleent am 31.01.2007 um 22:35:

 

Firwaat sollt ech deen dann net kucken wellen goen? Augenzwinkern Zunge raus

d'Musék ass mol schéin smile Augen rollen



Geschrieben von ApplEric am 01.02.2007 um 15:35:

 

Hmmm, ee Film deen ech op alle Fall dest Joer an de Kino kucke gin, ass den Simpsons Movie! Dei Trailer se schon super gudd!


http://www.youtube.com/watch?v=WEnKL9QJQ4w
http://www.youtube.com/watch?v=XnCR3fAVPWs&mode=related&search=



Geschrieben von Mojoo am 01.02.2007 um 18:01:

 

Geeenial !! smile



Geschrieben von ApplEric am 02.02.2007 um 19:17:

 

Hei senn all d'Trailer op ee Bleck vum Simpsons Movie.
http://www.movie-list.com/trailers.php?id=simpsons

Scheine Weekend!



Geschrieben von Maggele am 06.02.2007 um 20:14:

 

ech sin amgangen Gerry mam mat damon a mam casey affleck ze kucken! deen as esou gäil!!! mega-lang schnëtt. bestëmmt sou 10 minuten oder méi. an iergendwéi as et net langweilech! geniale film... schreiwen nach méi wann ech fäerdech sin smile

HUMMER !!!!!!!
http://imdb.com/title/tt0302674/

trailer?
http://imdb.com/title/tt0302674/trailers-screenplay-E18392-8-4
neess engkéier een trailer deen IWWERHAPT net dat eremgett wat de film as: de, trailer gesäit spannend aus. de film as et net. éischter roueg, nodenklech. alles wat een esou am trailer gesäit sin absolut spannungs-héischpunkter am film smile

GERRY erzielt vun zwee jonken typen déi allenzwee gerry heeschen. se gin iergendwou un de leschten eck vun engem naturpark fir (iergendeppes) ze man. jiddefalls entscheeden se sech um halwe wee dass se awer net gin a wëllen zréck bei den auto! VERLAF! deeglang ierren se an der wüst, a schéngen nemme méi wäit an 't wüst ze laaffen amplatz zréck bei den auto wou 't gedrénks waart! dee film as bal ouni musék, mat nemme genz wéineg dialog. d.h. deen allergréissten deel vun der zäit gsäit een si doremmer trëppelen, streide wéieng richtung se als nächst probéieren, an obwuel de film absolut net witzeg as hunn ech vill missen iwwert hiert behuelen an agéiere laachen! well verschidden zeene sin einfach esou lang dass ee richteg dra versénkt! a.s.w.(dat gesamt éischt kapitel beschteet aus engem eenzege schnëtt (6:30min.) mäer huet dat scho beim "children of men" gefall, well et einfach ee méi grousse genoss as de schauspiller nozekucken. ech gin zou dass ech hu missen eng paus mache well en einfach zevill lang gett fir méng gedold. mee en as absolut ze recommandéieren. ween e sech well léinen ka roueg froen, awer:" wiederseh'n macht freude" Augenzwinkern

de film huet suguer nach eng aktioun zum schluss



Geschrieben von Olivier am 06.02.2007 um 23:19:

 

300

http://imdb.com/title/tt0416449/trailers-screenplay-E29552-10-2



Geschrieben von Maggele am 09.02.2007 um 19:55:

 

http://www.apple.com/trailers/mgm/mrbrooks/trailera/

an deen doen as och gebongt! dee steet op der lëscht! de cevin costner als "dee béisen" dat muss ee gesin hun! an dann nach mäin absolute lieblings-comedian "dane cook" an enger nieweroll an coh nach als fotograf smile demi moore léist sech och kucken smile GEIL !!!!



Geschrieben von Neckel am 09.02.2007 um 21:08:

 

Boah den mescht een gudden Nadrock lol .. gefällt mer vun der Story hir .. smile



Geschrieben von Maggele am 12.02.2007 um 13:55:

 

intressant tabu-thema!
http://www.apple.com/trailers/lions_gate/trade/trailer1/



Geschrieben von kiischti am 12.02.2007 um 17:05:

 

woar geschter och deen neie rocky kucken. as flott gewiecht. ech hat déck loscht am sall opsestin an en unzefeieren a.s.w. smile lol!



Geschrieben von annemie am 13.02.2007 um 00:54:

 

Woah...deen thread hei as praktesch!!^^ wann ech mer se lo na verhaalen bis se raus sin...smile anzait puer déck intressant filmer! an simpsons muss sin ^^
@Kiischti: genee no dem Film wollt ech eigentlech froen wei deen waer. großes Grinsen



Geschrieben von Maggele am 16.02.2007 um 00:14:

 

hei as eng vu méngen absolute lieblingsmomenter am meeschterwierk "snatch" vum guy ritchie.
http://www.youtube.com/watch?v=I6mQncSGpEI



Geschrieben von Olivier am 17.02.2007 um 15:27:

 

DAAT ASS OCH DEI ABSOLUTEN GAILSTEN SCENE!!!!
dASS EEN VUN MENGEN ABSOLUTEN LIEBLINGSFILMER, AN DAAT ASS OCH MENG ABSOLUT LIEBLINGSSCENE.... LOL... MARC... MIR HUN STYYYYLE... DAAT BESCHT ASS DEI MUSIK... OUNI T'MUSIK VUM FILM, WIER DEN GANZENFIL LUSCH....


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH