Thema: Copyright - Konferenz / Diskussioun |
|
24.07.2014 15:18 |
Forum: Misc |
do kann der normalerweis ee kromm kommen. also ech kennen déi situatioun, mee vu dass dat warscheinlech alles ouni kontrakt an TVA an sou leeft, get et nemmen eng eenzeg reegel déi wierklech emmer zoutrëfft: dee stäerksten afekot gewënnt (ech hoffen awer sou wäit kënnt et net)
dat as iwwregens eng offiziell äntwert vun engem viirtrag deen ech mat e puer aner photogenisten virun e puer joere zu genau deem thema lauschtere war.
well:
eigendlech as deen deen op de knäppchen dréckt de kënschtler. dat kléngt och ganz normal, well dee jo och d'konschtwierk mecht.
et kann een awer och diskutéieren: wanns du blëtzer dobäi has, an hues domat "eng luucht kreéiert", dann as d'fro wouranner dann elo d'konscht läit: am luucht setzen, oder am knäppchen drécken. -oder am bildopbau? -oder hey: am verschaffen?
ech giff et fir emch esou man, dass ech d'foto als eng vu ménge gëlle loosse giff. jiddefalls souwäit wéis du elo erklärt huet, hätt ech do kee schlecht gewëssen. et as awer dann coh ent fir sech mat der foto aus der fënster ze hänken, oder frick mat der foto ze man....
et läit also un där. an um transparente gesetz an deem beräicht
|
|
Thema: Fotobearbëchtung |
|
Huesduligtroom probéiert? Oder as deen net gratis...?
Reng vun de fuktiounen hier machen adobe an apple do flott saxhen, mam lightroom, aperture, an mam photoshop, a kombinatioun mam bridge. Fläit -falls elo keen eng méi gescheit äntwert huet- solls de der awer iwwerlee'n einfach e puer pay-softs ze testen an dann eben der eng vun deenen ze "besuergen"
|
|
Thema: apprentissage adulte |
|
18.04.2014 13:31 |
Forum: Misc |
salut
ech hun och een apprentissage gemach, an ech hat chance dass ech bei deem éischte fotograf wou ech gefrot hat gehol gouw. am normale fall as dat vill méi ustrengend. ech giff mech emol bei der fédération des photographes mellen. kann näischt schueden Misst dat do sin...
a bei der ADEM muss de dech umellen. dat muss de herno souwisou, an et kënnt gudd, wanns de dat scho gemach hues. (ADEM: verpass keen eenzege RV, se sin nawell relativ sec gin.
an da muss de ebe sichen. mach der ee gäile portfolio, deen ee gudd presentéiere kann. du muss an dénger bewerbung an am interview beweisen dass de aarbecht gesäis, dass de flexibel mat déngem stil bas, an natiirlech dass de dat kann wats de denks dass dee fotograf am meeschte braucht. bei ville fotografe muss de och e minimum u Vente kënnen. a virun allem bereed sin et ze man. et kënnt op de beräich vum fotograf un, mee meng net dass de déi meescht zäit fotoe schéiss.
elo sichs de der en telefonsbuch, sichs der sämtlech fotografen am land eraus, a lass!
|
|
Thema: Drones |
|
Fro mol bei de piraten no. déi wëssen esou sachen, an se sin am moment bestëmmt motivéiert kompetenz ze weisen
|
|
Thema: Gaanz aal Fotoen |
|
ech sin elo coh net direkt dofir. ech mengen dass d´nofro net esou grouss as. wéi dacks gesäit ee schon restauréiert fotoen hei um site? an dann d´fro vum Copyright all kéier. oder mengs de fläit fotoen dé 30 joer al sin, mee vu mär/där selwer geschoss gouffen? do kann ech net mathalen...
ech hat an der zäit esou eng Foto drop. se as scheinbar net méi do, mee ech hat se ennert der Rubrik "digital art" oder sou. an dat as jo och ok, mee virun allem well ech jo zum fotographeschen deel guernäischt bäigedroen hat.
wann ech elo gÃng eng al Foto eroplueden déi ech selwer geschoss hätt, da giff ech awer och net onbedéngt eng Rubrik sichen, well dat si jo just e puer joer. an et as jo net wé wann eng Foto besser wier well se mà alas. oedr wéi wann eng Foto mà opmierksamkeet gÃng verd´ngen NEMMEN duerch hieren alter. wann elo eng Foto opmierksamkeet verd´ngt onofhängeg vun hierem alter, dann as dat och net anecht, well da weise mer d´foto jo well et em d´foto geet, net em den alter.
also den ennerscheed läit an der Foto serlwer, an net an hierem alter. an dofir as e coh net derwäert eng Foto ze weisen déi NEMMEN al as, a soss näischt
|
|
Thema: Asbestgefor an der CT? |
|
lo hat ech scho gemengt urbex wier a gefor
wanns de kanns, änner däin thema dach w.e.g. an "CT=Asbestgefor" oder sou, ëm
edit:
ech hun elo däi leschten zuutz nach gelies: mach wéis de mengs, mee asbest as net eng gefor fir urbex, mee eng gefor fir d'gesondheet. ech soe jo coh net "urbex as a gefor, well wann een an en déiwt lach fällt, da kann een sech wéidoen, oder schlemmer"
versteess de wat ech hei mengen?
op der anerer säit: urbex as niemols a gefor, also as et wurscht wats de schreiws
|
|
Thema: Internetsait |
|
ech isi mer do net sëcher. wat ech secher weess as dass de 2 méglechkeeten hues: wordpress.org, an wordpress.com! bei .org kriss de een zip erofzelueden deens de entpeeks, an do as eben dee ganze motor vum site drop. dee kanns de dann spéider mat plugins, widgets an themes modifizéieren. bei .com kriss de amfong eng subdomain (z.b. spako.wordpress.com) an da kanns de awer ee redirect op déng richteg domain man. ob dat elo och geet wanns de déng domain an däi server bei engem anere stoen hues wéi bei hinnen, dat weess ech net genau. mee ech mengen dat geet. probéier et einfach engkéier aus.
ech hun déi éischt methos gehol. de johny kann der bestätegen dass ech schon 1000 mol schäiss gebaut hun mat ménger datebank, ménge backups oder well ech iergendeppes probéiert hun emzeschreiwen. déi gefor as bei ménger method méi grouss, mee ech ka jo fir ze frecken net d'sachen esou loosse wéi se sin. ech sin awer och ee banaus, also huet et wierklech mat léieren ze din
ech roden der also .com ze probéieren, a falls dat net sollt klappe mat déngem provider, da muss de eben op wordpress.org, an den zip eroflueden
|
|
Thema: Duebelen Account |
|
d'fräiheet hei am land as nach relativ grouss. also mär sin emmer gudd doranner lëtzebuerg schäiss ze fannen. mee ech fannen dass lëtzebuerg wierkech (nach?) net esou schlemm as.
an apropos internet:
et as immens, dass mer eng plattform hun wou et eigendlech keng aschränkunge get! an dat soll och esou bleiwen. ech gin immens rosen, wann ech z.b. op youtube ee film well kucken, an dann as deen awer net méiglech ze kcuken, well ech anscheinend an deem falsche land liewen. dat hëllt emmer méi zou, mee dat sin emmer déi déck déieren wou dat esou as. photogen.lu as fir lëtzebuerger verhältnisser een déckt déier (fannen ech), an et wier ganz schéin, wann et trotz allen nodeeler keng aschränkunge get. et as net emmer dee richtege wee all nodeeler ze eliminéieren. mär probéieren emmer alles perfekt ze man, a fir jidderee gläichméisseg gerecht. d'resultat as meeschtens gläichméisseg opgedeelten ongerechtegkeet. a wann de kickerobskur a sénger vue gudd grënn huet (soss giff en et jo net man) zwee accounts ze hun, dann as dat eben esou. ech fannen dat net schlem. et as suguer gudd: ech gin neemlech zou dass ech dem obskur séng foto mat prejuge kucken. dat as einfach esou well ech ee verdammte mënsch sin.
mee kicker: du kéins mat déngem franséisch roueg ee méi einfache vokabulär benotzen, ech sin net grad francophone
ech hat och een aneren account. aus anere grënn, mee ech fannen et haut net méi richteg. mee dat gëllt fir mech, net fir déi aner.
wann déi accounts bei concoursen ausgenotzt gin, da muss een nachengkéier driwwer schwetzen. mee éier een esou sëcherheetsvirrichtunge meet, sin ech perséinlech dofir dass ee mat engem gesonde mënscheverstand rechne soll. coh wann dat heescht dass een dee verstand firt éischt ukuerbele muss, doduerch dass een déi leit drop opmierksam mecht dass dat net fair as. et as ni gudd esou séier ze schéissen
|
|
Thema: Duebelen Account |
|
ech well der awer net de mond verbidden, sou as dat net. ech froe mech firwat soss nach kee säi pefferkäer ofgin huet. emmerhin get et dee phenomän schon zënter ufank
|
|
Thema: Duebelen Account |
|
dat as net onbedéngt fir gudd befonnt, mee wat wells de man?
wells de d'transparenz an d'luucht schrauwen? do sin ech dogéint! an souwäit ech weess as deen eenzegen deen dat hei realiséiere kéint och dogéint. deen dag wou esou kontroll-zeenen hei instaléiert gin, w¨rd ech mech jiddefalls ofmellen. ouni ze zécken.
hei sin d'grënn
éischte grond: féier einfach keng op!
zweete gond: du kanns nemme fir dech selwer kucke wats de fir richteg fënns. wanns du dat falsch fënns, da muss de et jo net man. wanns de et eigendlech richteg fënns: wourop waards de dann nach?
et hapert emmer beim kompromëss tëschend fräiheet an sëcherheet. eent vun deenen zwee muss een opgin...
waard awer fir eng offiziel äntwert nach of. ech sin net am team, dofir as méng äntwert net offiziel!)
|
|
Thema: Internetsait |
|
also ech hun och wordpress....
et as allerdéngs relativ schwéier gudd themes ze fannen, déi extra fir fotoportfolios bestëmmt sin. mee wanns de bis een hues, an deen méiglechst net zevill modifizéiers, dann as dat tiptop. e bessen eppes léieren muss de awer emmer. also idiotesëcher as et secher nit! mee du bas jo keen idiot, a wann suguer ech eppes gebak krut, da klappt dat schon.
fro bei déngem provider no fir ee backup. mäi provider këmmert sech emmer ganz liebevoll em mech wann ech erem sou gaffen mat der datebank bauen.
gell?
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
|
de fichier as elo bei mär ukomm. et gesäit schlecklech aus, an ech weess net wat een do nach ka man dass ech mech trauen deen ze weisen
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
|
hei tiens. maja, da geff gas!
an dann as schluss. schéck se zum schluss u mech wanns de wells
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
|
de schluck léisst sech nach e bessen entschëllegen. wann heen den owend net dozou kënnt, da get en de projet u mech weider, da man ech mol engkéier de schluss!
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
|
jo, ech mengen ech huelen de schluck mol bei der nues... oder bei sénger mähne
|
|
|