ganz schéinen Panorama, wéi gewinnt fantastech schaarf mä, Owesluut, 4532 m héich ??? Hues de do an enger Hütt iwernuecht, mam Heli erofgeflunn oder mam Schlitt ...??? Froen iwer Froen
..mam Schlitt wär sécher cool gewiescht, ..an dat am Oktober souguer am Sënn vum Wuert
..nee, 4.532 Meter bezitt sech op de Sommet vum Liskamm, ech war um Hohtälligrat ënnerwee a vun do a ronn 2 Stonnen bis op d'Riffelap vu wou ech um 11.00 Auer mat engem Sonnerzuch vun der Gornergratbunn gemittlech op Zermatt kutschéiert sin.
Jep, eng mini LED-Luucht plus déi um Handy gunge largement duer, ....en plus war esouguer nach genuch Zäit fir op der Riffelalp eng Klengegkeet z'iessen.
Zu menger Schan muss ech gestoen dat ech verpasst hat dat och 1 Mol d'Woch de Good Morning Zuch bis op d'Gornergrat erop fiert, de Sonnenopgang do uewen mat där Kuliss wär sécherlech d'Kiischt um Kuch gewiescht bei onserem Zermatt - Tripp. Awer wéi heescht et esou schéin, ....et kann een net alles hun