Do stongs Du wierklech déck am Gewulls.
Ganz blöd mat der Verspéidung, et war wierklech schon daischter, an ech hat nëmmen en 3,5 Objektiv!! De Gros vu menge Biller war dofir och fir an d'Dreckskëscht.
Et war awer flott eis Coureuren mol sou no z'erliewen
ob 3,5 oder 2,8, sou terribel vill Ënnerscheed mécht dat och net, wann et scho sou däischter ass. Ëmmerhi konnt ech jo mat 6400 ISO a mam "on board flash" nach e bessen eppes riskéieren...
Schwierig Licchtverhältnisser. Se hun einfach ze spéit ugefangem mam Gala. Deen ganzen stonnenlangen Tralala fierdrun hätten se gut kéinten ewechlossen.
Fréier, op Film, an och nach mat deenen éischten DSLR wieren sou Fotoen onméigléch gewiescht, dat stëmmt. Mais et war net nëmmen den Tralala mat der Moudeshow, mais och di spéid Arrivée vun de Cracken um Bus, déi d'Saach erschwéiert huet.