ma et war esou:
Ech hun en Dësch an d'Garage gestallt, den Bletz genau iwwert dem Dësch fixeiert (eng aal Vergreißerungsmaschinn) an dun drop lassgeknippst.
Den Fotoapparat war selbstverständlech op engem stativ an ech hun der einfachkeet halber een Fernauslöser benotzt. Et ass nawell net einfach ze knippsen an während dem d'Glas Waaßer schnell eweg zeien, dass d'Hand an den Aarm aus dem Bild sin an d'Waaßer awer nach an der Schwieft ass. (Dofir den Fernauslöser -> mei Mobiliteit)
No all Glas Waaßer waat ech do verschott hun (dh no all Foto) hun ech dann den Dësch rem schein propper gemaach an mech rem an positioun bruecht fir dei nächst Foto
Erstaunlecherweis hun ech "just" 30 Fotoen missen maachen fir en puer gudder drenner ze hun. Nach mei erstaunlech ass, dass deen "gëllenen Rochen" dei allereischt Foto war, dei ech do gema hun
Et huet sech ob alle Fall gelount. Jo knipsen an nach eng zweet Aktioun ass wierklech net einfach. Hunn ech bei dëser Serie och festgestallt:
Falling "Bügelperlen"
Ech hunn leider nach keen Fernausléiser, awer meng kleng Duechter hat mir gehollef... Ech wollt dem Gloda séin Rot fir den Hannergrond an Pärelen besser openeen of ze stemmen mol nach ausprobéieren. Bei der Geléigenheet wäert ech dann och probéieren den Blëtz, genau sou weis du ze montéieren, oder indirekt vun Uewen misst eigentlech och goen... mol kucken.
Eng staark Foto. Ech kann se nëmmen als "ätherësch" beschreiwen.
Engelhaft, iwwerierdësch, Fligelschlag vun engem ausserirdësche Wiesen.
Bien entendu schwätzen ech vun der gieler Versioun !
Erënnert mech och liicht un d'Statue déi een op de Rolls Royce-Ween gesäit... Wann dat hei en Experiment war, soën ech, dat ass Der gutt gelongen, Chapeau a weider esou !