I like this pic!
Den enke Cadrage kënnt gut. D'Faarwen, de Niwwel an de Gesiichtsausdrock bréngen bal eng Grëtz Mystik an d'Bild. Dat doten ass gutt, nee et ass nach besser.
Merci Jean-Jos, beim Kapp vun der Guitar hät ech mer ee puer Pixelen méi gewënscht, wollt déi awer lo nët onbedingt am PS beizauberen. Thanks fir den Fav
Fantastesch Schluck, déi doten huet et a sech a léisst een net esou séier lass. Et sinn nëmmen déi plackeg Kierperdeeler déi aus dem Nievel fréi erauskommen, d'Schärft, d'Faarven an deen Gesichtsausdrock beandrocken genau esou
Merci gemu, mech huet déi do och fazinéiert, dofir hun ech déi och net an eng Serie gesaat. Dat Bild existéiert nëmmen een Brochddel vun enger Sekonn an ech hun drop gewaart dass den Niwwel genau richteg woar... wann dann nach sou een intensiven Bléck dobei ass kritt een eng TOP Photo. Fir mech ass dat den Reiz un der Livephotographie, du wees nie firdrun wat dech erwaard an du muss mat dem schaffen wat's de kriss. Thaks fir den Fav
Daat ass jo dann bal ewéi 6 Richteger plus Zousaatzuel, ausser dass hei d'Chance nach laang net alles ausmëcht mee een aussergewéinlecht Reaktiounverméigen, Talent an esou guer och nach meteorologesch Kenntnisser gefrot sin.
Meteorologech Kenntnisser vun der Niwwelmachine ... och nët schlecht... virun allem Reaktioun an alles am Aa hun, d'Spoten den Rythmus erkennen, dat kënnt mat der Zäit
Jo, just héi woar iwwerhaapt keen Couloir, mais 1 Reih am Publikum bei engem ausverkaaftenen Klub ... hun missten mat Zäit do sinn fir eng gudd Platz ze erwëschen... konnt awer dofir den ganzen Gig knippsen
Fällt direkt an d'Aen, gefällt mer super, wéi de Jean-Jos schons soot, si huet eppes mysteges. Schued, dass puer Deeler ausgefriess sin, mais ganz sou schlemmass et och net.
Merci gogo, dat mam ausgefriess huet mech och ee bëssen gestéiert, mais hien hat een décken weissen Spot just vun ënnen erop ob d'Guitar.. och ënnen Hoër hät ech gàer ee bëssen méi deischter gehaat. Wann dat Bild do an engem Studio entstann wier hät een bestëmmt kënnen dorop obpassen mais vu que dass ët live ob der Bühn ass kann de dat eben nët beanflossen ... an dat ass an engem Sënn och gudd esou wëll dat mech ët jo aus, ënnert denen Konditiounen déi's de hues dat bescht draus ze machen. Ech schaffen ëmmer mat Spotmiessung an sou ass deen Deel, ob den ët unkënnt, D'Aen an d'Gesiicht korrekt beliicht
Merci Gianni, hat den richtegen Moment ofgewaart fir ze knippsen, den Niwwel an déi greng Luucht machen eng schein mystech Ambiance an den intensiven Bléck fesselt un d'Bild