Merci gemu, daat freet mech ze héieren. Déi Faarvtéin entstinn durch di laang Beliichtungszäiten, wëll ët war ferm daischter teschent de Fielsen, waat op de Biller hei net esou ersichtlech ass.
Am Antelope Canyon soll ët awer och flott sin , an ouni Ustrengung ee permanenten photografeschen ''déjà-vu''...!!
Och dir Merci gesot Maimonides, ët freet mech dat meng kleng Série dir gefällt.
..daat ass déi eenzeg an der Serie déi ech wéinst engem 13 Zonen Kontrast hu missen verschaffen ''hdr'' an en plus hun ech während enger 2min Beliichtung de Plafong vun der Hiél e puer Mol liicht ugeblëtzt.
E grousse Merci un dech Ed.
Déi giel Luucht ass eng Réflexioun vun enger Fielswand géigeniwwer, wou d'Sonn nach erageschingt huet. Fir de starke Kontrasst e bëssen ze rezuzéieren hun ech béid Fielswänn hei vum Schloff awer liicht opgehëllt.
Dat d'Série dir gefällt freet mech jorsch, an dofir och e grousse Merci gesoot.
Eng Reminiszenz: De Bléck duerch d'Huellay bei der drëtter Foto huet mech schlagaarteg u meng Kandheet erënnert: Meng Elteren haten en urale VW Käfer mat getrennter Heckfënster duerch déi ech op de Vakanzrese stonnelang d'Strooss hanne gekuckt hunn a gedreemt hunn.
Lo dreemen ech erëm wann ech d'Foto kucken...
Zur Technik, ...6 Opnahmen mat 1/8sec als ''liicht'' Ënnerbeliichtung fir de Bësch, an dann 5 weider Opnahmen mat 2-Blendenintervaller bis zur 2min Beliichtung.
Bei der 2min Beliichtung war d'Hiél zwar net schlecht, mais ech hun mech awer décidéiert eng zweet Opnahm ze machen wou ech de Plafong e puer Mol liicht ugeblëtzt hun fir besser ''Spëtzliichter'' eraus ze schaffen.
hei sinn ech einfach begeeschtert, eist Lândchen huet dach schéin Ecker, aus Erfahrung weess ech awer dat dat do net sou liicht an d'Bild ze setzen ass, si Fan vun deenen 3 Biller, do huet jiddereent säin eegene Reiz
''...si Fan vun deenen 3 Biller'', daat éiert mech mischii, an dofir e grousse Merci
Bei 1 an 2 huet daat flott Owesliicht mer d'Sach net all ze schwéier gemach, just d'Huellay..., daat war e bëssen méi opwändeg.