ma sen ma Amgangen nach emmer Froh ze stellen op den 400 2.8 awa net besser ass als en 500 f4 oder 600 f4 wann Esh Biller vun Dir gesin.. hapsächlech gesin Esh de Problem bei de klengen Vullen, do kann en nie genuch Brennweit hun vir Formatvellend Biller, vlait leit Konst och just dodranner sech mei no un de Vull drunzeschleichen
Dat ass och dat wou Esh ma gesot hun wir e 400er mat sengen virdeeler net besser gewiecht als de 500er, bon wous Du e ma enkeia gin has, wor mir halt Gewicht e bessen ze Schweier vir Freihandopnahmen, mee och do ass meng Astellung vileicht falsch an Esh mist mei mam Stativ schaffen, Esh mengen bei den Optiken get en egalwei e Kompromiss an vir en decken Preis
Mais dann hun ech eise System awer nach léiwer. Mir kënne gemittléch knaën, de Goût op der Zong zergoe loossen, ee Pättchen derbei drénke fir deen zarten, an der Pan bei Nidrechtemperatur virverdauten St-Pierre oder Lotte mat engem Roux oder engem Beurre blanc erofzespullen.... an si hei mussen an engem Stéck dee ganze Fësch mat Schuppen, Sprenzen, Geléng a Kaviar (ënner aaneren Ëmstänn) an hir Mo gierkse, wou irgenwellech hart Hëllefsmëttel dat Monster do zersetzen, fir datt d'Energie dervun disponibel gemaach get. Ech wéilt net mat Steng am Bauch dorueter laafe fir ze verdauen. Et geet schon duer wann eng Raclette an eng Bûche de Noel mir schwéier um Mo leien....
Soulang ët just d'Raclette an d'Buche sinn geet ët jo nach ... léiwwer dat wéi eidel ronderem laafen. Den Samsteg aneventuel den Sonnden gëlt d'Invitatioun nees wann d'Wierder ët erlaabt
Et ass notéiert, ech muss kucken, ob ech méch arrangéiert kréien, fir dat aanert, wat méch ze beschäftegen huet, ze delegéieren... Ech melde méch nach eemol firdrun via PM
Schluck, do hues du zwou schéi Serie erop gelueden. Si gefale mir all gutt. . Do waars du de richtege Moment op der richteger Plaz.
Déi mir awer am beschte gefält, ass déi éischt aus der Serie 1, do wou de Fësch zwëschen den zwee Komoranen sech nach bewegt.
Merci Harry, dat woar awer hoechstwarscheinlech just nach Nervenzucken ...meng Favs sinn aus der 1, 3 an 5 ... ët ass awer och sou eng flott Geschicht mat flotten Biller dass ech se awer nach wollt wéider zielen an se ass nach nët erriwwer
Déi éischt hei gesäit aus wéi wann et eng Raat wir wat den an der Schness huet.Du wees jo dass ech keen sou e Fan vun dene Fullefotoen sin mä dat do as schon béis beandrockend,héigen respekt.Top