Och mir gefällt déi zweet hei am beschten. War gëscht selwer nach beim Eiffeltuerm fir puer Fotoen ze maachen, an schreiwen dëse Kommentar och vu Paräis
Majo dat ass fannen ech eng gudd Erausfuerderung déi en Fotograph emmer weiderbréngt wann en séch traut mat nemmen enger Festbrennweit ze schaffen an séch net vun all den Objectiver am Rucksaak oflenken léist.
An en plus muss de net vill schleefen an bass méi flexibel.
ech fannen déi 1. originell! Vläicht stéiert de Villchen de Bildopbau. Do kënnt een nämlech och den Himmel croppen a just de Vlillek ewechmaachen.
Déi 2. (hunn ech och eng Kéier gemaach, sou tëschent de Beem) ass flott mat dem Rescht bloen Himmel.
Schéin Serie an mäin Favorit ass déi 4. Den Eiffeltuerm weist engem wou een ass awer lest dem Rescht vum Bild och eng Geleeënheet no enger Stëmmung ze sichen. Schéin.
Majo Kuep, eng gutt Fro stells du hei. Fir mech huet all Foto hei eppes besonnnesches an et ass keng dobäi déi schlecht ass. Wanns du mech awer freets wéi eng dass ech geng op meng Säit huelen, geng ech soen déi zweet. Fro mech awer elo net genau virwaat. Et ass einfach eng Gefillssaach. Viläicht kennt meng Entscheedung dohir dass se aanescht verschafft ass an och net deenen üblechen Eiffelturm-klischee-Fotoen entsprëcht.