Fantastesch Vueën an eis Äerd eran. Wat eng Chance ze dem Moment op deeër Plaz ze sinn! Super!
Dee "langweilege klasseschen Sonnenënnergang" gefält mir am beschten.
Den aktuellen Haaptkrater vum Stromboli läit an der NW- Flank vum Bierg. Doduerch kann een op den Gipfel rop, vun deem een dann des Vue huet an relativ sécher ass.
Exzellent Biller, déi allebéid eenzel gewise kënnte gin.
Herrlech Faarw-Komplementaritéit an der 1. Foto.
Flott Déift am 2. Bild, déi 2 Insele am HG droen och dozou bäi; schéin, wéi d'Fonke fléien: mech géif intresséieren, mat wat fir enger Beliichtungszäit se gemacht goufen.
Kompliment!