..op 2537m Héicht bei Zermatt, net onbedingt zu engem gënschtegen Zäitpunkt fotograféiert sou matzen am Daag. Hoffentlech wierkt d'Bild net all ze vill ewéi eng Postkaart..!!
Dee scharfkantege Fiels mat de roude Flechten riets mécht den Ënnerscheed zu enger Postkaart. Gefält mir ganz gutt an .. ech géif se direkt auswiele fir ze verschécken!
..et war och meng Absicht de Fiels relativ dominant an d'Bild mat anzebezéihen, vu dat seng gesamt Struktur mir esou gutt gefall huet. Merci jorsch fir deng Appreciatioun..!!
déi "Postkart" gefällt mir awer richteg gudd, déi géing ech gleich e puer mol kaafen fir de Frënn se ze schecken
ech fannen do hues de een ganz schénen Ausschnëtt gewielt
..ech war ze spéit un, d'Sonn voll eraus an dowéinst d'Liicht net méi optimal, an dofir war ech wirkeleg frou iwwer déi puer Wolleken fir awer e Bild kënnen eenergermoossen ze gestalten. Ouni d'Wolleken hätt ech hei kee Bild gemach, mol net fir an den Album..! Och Dir Merci gesot BigVood.
..ech wolt eng Spigelung vum Matterhorn, awer ze vill Wand, de See onroueg an dofir dës Gestaltung mat dominantem Fiels an Laanzäitbeliichtung wéinst dem Waasser. Merci MsJarryman..!!
Excellent Marc di doten. Den Hierscht an de Bierger, di schéinste Saison fir do Fotoen ze machen mat speziellen Faarwtéinungen, an eng super kloer Atmosphère, esou wéi op denger Foto mat interessanten Wolleken. Du haas navel eng gudd Löftgen gesin ech um Waasser op der ongeschützter Säit vum Steen . Leider muss ech waarden bis d'Pensioun bis ech emol am Oktober kann dohinner esou flott Biller machen goen, mee op ech dann nach rüsteg genug sin fir iwert an tëschent deem groussen Steen erem ze klooteren wou's du stungs fir d'Foto ze machen, wëll ech stark bezweifelen, hun elo schon déck Problemer op däer Plaaz.
Ech hu schon eng gewësse Virléift fir de spéiden Hierscht, effektiv, zemools an de Bierger,
..all Joreszäit huet awer säi Reiz, an den éischte Schrëtt fir eng gutt Opnahm ass scho gemach wann d'Liicht stëmmt, ..a fir dech gutt Liicht bei denger nächster Visite um Stelliséi
..e grousse Merci fir däi Kommentar zu dësem Bild Georges, an et freet mech dat d'Bild dech usprecht..!!