Wisou weist du elo haut di dote Foto, wou ech grad mol neess aaus ménger Bibliothéik dat Buch rausgeholl hun a liese vum Ansel Adams, wou hie 40 vu sénge Fotoen kommentéiert a beschreift?
Dat hei ass eng Foto, déi sou ähnléch och an deem Buch kéint sin, wann dee gudde Mann séngerzäit net meeschtens zu Yosemite an ?%u2039mgéigend geknipst hätt.
Ech gi mol dofunner aus datt's du dem Adams säi Buch 'Meisterfotos' mengs ? ..ech hun déi 2. Oplag vun 1986.
R29 ass Bezeechnung vun engem donklen Routfilter den et erméiglecht bei SW-Film Blo ze spären an esou den Himmel kënnen besser ofzedonkelen. Beim Bild «Monolith, The Face of Half Dome» beschreiwt den Adams relativ gutt d'Wierkung vun dësem Filter.
Merci villmools fir däi Kommentar Nico, a mech freet et dat d'Bild dech usprécht
«Extrem», do iwwerdreiws de lo awer
Digitaliséiert hun ech mat bescheidene Mëttel a war selwer vum Resultat iwwerrascht.
Ee grousse Merci Rob, an dat d'Bild dir gefällt freet mech natierlech
Un grand Cru Marc, ech sin ëmmer ërem begeeschtert wéi di Fotoen enstaanen sin mat dengem Groussformatapparat deens du do mat den Accessoiren, an de Bierger matgeschleeft hues, do haas du jo bestëmmt keng Plaaz méi am Rucksaack fir en anstännege Snack ënnerwee. Jiddenfalls den Opwand wor et dowäert.
''Un grand Cru'', ..dat héiert een natierlech gären.
Dach, ech hat scho nach genug Platz am Rucksak fir ee Snack , Gedrënks an eng Jakett, allerdings waren déi Grousbildjoeren eng kleng Schënnerei mat vill Gewicht um Réck, plus een 117er Manfrotto, ee 6 Kilo Stativ vun engem Meter am Grapp, ..a mat 8 Planfilmkassetten drop lass fotograféiern war och keng Optioun, do waren just 16 Opnahmen pro Daag méigeleg.
Dat och dir d'Bild gefällt freet mech natierlech Georges, a Merci fir däi Kommentar.