Spéitstens no der nächster Flut ass dës Zenerie effektiv Geschicht, a léisst sech nach just duech d'Opnahm weidererzielen
Mat der 'Course vun de Schleecken' hun ech misse schmunzelen, mäi Recht hues de
Merci Nico fir däi Kommentar
All Kär vum Wand präzis guidéiert,
huet zu dësem Naturschauspill higeféiert.
Déi aner zwou, mat denen héigen Tierm,
där hat ech éischter eng hei um Schierm.
Ech wëll mech awer net bekloen,
All Stëmm gouw schliesslech matgedroen.
Oha, nach een Dichter! Super! merci fir di gereimten Äntwert.
Walbedruch war et ganz sécher keen, ech weess jo nach wat fir enger vun deenen dräi Fotoe vun dir ech mäi Vote gin hun. Do fällt mir awer elo ee Stee vum Häerz, datt ech dir heimadder kee Sand an d'Aa gestreet hun...
Vläicht war et jo grad déi Stëmm vu mir, déi dëser Foto de Gewonn verschaaft huet... !