Onbedingt drop klicken, ..wéinst deene villen Detailer.
Flott fräigestallt a gutt cadréiert, trotz dem Dëschtelfénk dee mëtteg plazéiert ass, ..d'Dëschtelen gläichen dat aus.
Très bien Rob!
Stieglitz a Fotografie, dat passt ëmmer... Ob et elo, wi hei, ee Carduelis carduelis ass oder ob et den Alfred ass, dat spillt keng Roll.
Super Foto, besonnesch de Bikeh, an dann di Diagonal vun de Karden (also de Dëschtelvillchen huet séch schon di richteg Bühn gesicht, fir porträtéiert ze gin) an de Parallelismus vum Villche séngem Kierper an der "Rutschbunn" vun den "Dipsacus" (bot. fir Karde). Op Franséisch heescht se Cardère oder, witzegerweis, Cabaret des oiseaux. Wat dann och alt neess hei bei d'Foto passt. Ech halen awer eo op hei mat ménge Recherchen, soss op eemol...