Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Do kënnt en jo

 
Do kënnt en jo
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.08.2023
  • Gekuckt:
    3965
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.6 EV
  • Gréisst:
    2000x1335
  • Späicherplaz:
    787 KB
  • Originaldatum:
    2023:07:26 13:05:19
  • Fotoapparat:
    LEICA SL2
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Schnappschëss  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92724]
Kommentar vum Fotograf:
Beim Landwasser Viadukt hänken QR-Coden déi een scannen kann fir den genauen Fahrplan vun den Zich ze gesinn déi hei passéieren. Esou guer wann en Zuch Verspéidung huet get een daat gewuer.
Ech sinn der Meenung daat sollten se och beim Geysir op Island maachen ;-)
Nicon07 17.08.2023 - 15:44
Als aalen an erfuerenen Trainspotter huelen ech mir lo mol d'Fräiheet hei, fir eng kleng Remarque ze pazéieren: Et wier nach genuch Plaz rechts gewiescht, fir d'Lokomotiv ganz aus dem Tunnerl fueren ze loossen an ee Stéck vum éischte Waggon mat ze huelen. Sou epepes wéi dat hei gëtt am Milieu vun den agefleeschten Zuchknipserten als eng Doudsënn ugesinn. An aanere Fore géifs du heivir gebshed gin,datt et nëmme sou knuppt. bigsmile

Ech sin awer do ganz aanescht: Ech verzeie sou Feeler, well ech där och nach haut ëmmer mol neess maaachen. closed_eye
wuff 18.08.2023 - 10:00
Esou ass awer méi Spannung do, kënnt do nach eppes oder as et just eng Lokomotiv? Et sollt jo och kéng Dokumentarfoto gin
Nicon07 18.08.2023 - 11:13
Natirléch hues du recht mat dénger Argumentatioun. Ech fannen di Foto jo och ganz an der Rei sou.

Et ass sou, wéi ëmmer, wann ee séch just duerch Schreiwe matdeelt: d'Nuance bleiwen op der Streck. Am Fong hätt ech misse méi kloer schreiwen, datt méng Remarque ee groussen Deel Ironie enthält. Debigsmile-Smilie soll dat grad weisen. Ech sin nämléch och guer nit d'accord mat deene selwer ernannte Puristen an Expären, fir déi et an der Eisebunnsfoto guer keng Kreativitéit a keng Kompromësser gëtt. Bsp: ech war mol Member op engem franséische site, (deen entretemps komplett doud ass, well di läscht Foto virun der Pandemie ropgeluede gouf), do krut ech Fotoe refuséiert, well ech den Zuch ofgeschnidden hat hannen (de Bord vun der Foto ass nit ee Strauch oder ee gebai, wat legitim ass, fir een Zuch ofzeschneiden) oder well ech den Zuch vun der Schiedsäit fotograféiert hat. Oder ech krut gemault, well de Pantograf vun der Lok "am Poteau houng" (Zitat) an nit fräi just um Kabel asw. Lauter Saachen, déi een nit brauch. Mais bon, lo verstees du méng Remarque, wat virdrun nit evident war. smile
wuff 18.08.2023 - 11:23
Ech haat däin Kommentar och guer net schiif op geholl. Et ass eben eppes aneschtes wann's de op enger Zuchsäit bass oder op enger méi Fotografie orientéierter.
Nicon07 18.08.2023 - 13:54
Wanns du jemols eppes gesot hues, wat méi wéi stëmmt, dann dëst... closed_eye Zuchsäite sin effektiv näischt fir zart Séilen. Do huet een et mat Purs et Durs ze din. Ech huelen u, bei Planespotters ass et nit vill aanescht. closed_eye
gemu 20.08.2023 - 00:02
Immens interessant, Nico, deng Explicatiounen iwer d'Eisebunfotoexpären an hir Opfaassung vun de Fotokonscht
gemu 19.08.2023 - 23:53
Effektiv eng spannend Opnaam, hei stellt een sech d'Fro, ass et e Persounezuch oder e Gidderzuch? Ech sin iwerzeecht den Nico wees d'Aentwert schon eleng duerch den Typ vun der Lok ouni an den Tunnel ze kucken closed_eye Waat mer awer besonnesch hei gefaelt, op den eischte Bleck keint et och eng Opnamm vun enger Modelleisebunlandschaft sin.
Nicon07 20.08.2023 - 08:24
Ee Persounenzuch, Georges. Et fueren zwar och Güterzich op der Rhätescher Bunn, mais déi sin éischter rar geséint.
gemu 20.08.2023 - 08:58
Eigentlech hätt ech selwer missen drop kommen, virun engem Gidderzuch wier jo och e Krokodil gewierscht bigsmile
Nicon07 20.08.2023 - 09:05
Du bass wuel där Jéngster kee méi, awer datts du sou vill Lenzen um Bockel häss, fir nit matkritt ze hun, datt d Krokodiller just nach viru Museumszich geleenetlech schnaapen dierfen, dat hätt ech awer elo nit fir méigléch gehaal. :-P bigsmile

Mais lo mol serieux: Bei der RhB sin di Krokodiller suwuel viru Persounen- wéi och Güterzich gefuer, (bei der grousser SBB iwwregens och), dat ass also net wierkéch ee Kritär.

(Jo, keng Angscht, ech hun däi Witz verstaanen!)

Iwwregens fueren ech elo den näxte WE méng Jongen op ZH sichen, an da gin ech nach kuurz bis op Wassen, fir e puer ëmgeleede Persounen- a Güterzich op der Gotthard-Biergstreck ze fotograféieren. An dann ass zu Olten Depotfest, wou historescht Material ze gesin ass. Vläicht ass jo och ee Krokodil do. closed_eye
gemu 20.08.2023 - 10:51
Dem enge säi Leed, deem anere seng Freed, vill Spaass um Gotthard, an dono um Oldiefest
Nicon07 21.08.2023 - 09:44
Et soll Reen gin. unhappy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 519 Gäscht online