Wou ass d'Syr da sou "wëll"? Dat ka jo awer wuel nëmmen tëscht Manternach an der Fausermille sin, oder? Ech, als Rammerecher, war an der Zäit mi dacks do an der Géigend fir Zich ze knipse, wéi di aal 1800er Dieselen nach mat Güterzich op Waasserbëlleg a Mertert gefuer sin, an do hun ech och alt mol dat Wier do am Bësch fotograféiert, awer di dote Plaz kennen ech elo nit direkt rëm.
Awer, och hei gëlt: eng Laangzäitbeliichtung vun engem klenge Waasserfall ass immens fotogen a gefällt ëmmer! Top!