Dat ass ëmmer sou bei Fotoen. Sou kuurz, wéi et dauert, fir eppes op de Capteur oder de Film ze fixéieren, sou laang brauch een heiansdo fir séch drop virzebereeden. Oder awer et ass een an der Hektik, well ee färt, datt engem de "Moment décisif" duerch d'Fanger glëtscht, wann een net séier genuch op eng gewënschte Fotoplaz kënnt. Mais dovunner ass dann duerno guer näischt méi am färdeche Bild rëmzefannen. A scho guer net fir deen, dee kuckt. Hei gëtt esou eng zen-Stëmmung ausgestralt, do kënnt een einfach rof, wann een do drop kuckt.