Et goufen 6 Sets, wou d'Luuten schon stungen. Hei waar einfach eng Luut vun Ennen, eng vun Uewen (Ennen hallew esou staark agestallt wéi Uwen). Dann vun de Saiten nach Reflektoren.
Mir kruuten halt erklärt wéi d'Luuten wieren an wiesou, wann do abeemol jidereen bessi un de Set wurschtelen geed wéi en well, steet beim 3. schon naischt mei richteg
Kennt mer unsech nach alles logesch fier wéi et stung, muss een just d'Material hun
Also bei all Set waaren aaner Liichtquellen (Diffuser matt Waben - Softboxen, Ringlicht, an 3 Sets matt verschiddenen Luuchten).
fannen d'foto usech ganz flott vun der pose hier an beliichtung.
den gesiichtsausdrock ass flait bessi neutral, kennt dann awa bessi beis eriwwer... (ech hun daat o selwer bei mir, wann ech neutral kucken mengt jidfereen ech wier beis ass wa usech ent su schlemm...
ehm... riets bei den feiss, ass do direkt den hannerdrond oder mauer? den schied gefällt mer net.
Hat waar een waat op kenger Foto wollt laachen, hued et nach selwer gesoot - hun nemmen Fotoen vun him matt beisem Bleck Bis op eng wou et hued missen wéinst enger Domheet laachen - mee do ass halt d'Pose net gudd.
Jo daat mam Schied ass mer réischt opgefall wou ech se elo online gekuckt hun, dass deen einfach esou do "oofbrecht".
Hat lung am fong an enger Këscht, an do waar halt d'Enn vun der Kescht, do hued et d'Feiss widdergestaibt.
Waar immens. Haat unsech zu Bonn schon eng kéier een Deel gesin mee daat waar éischter Théorie.
Hei haat een halt eng ganz Equip, vum Make-Up Artist iwert den Fotograf bis zu deem wou beaarbescht an ausdreckt. Jiderengem konnt een Froen stellen, em Root froen (z.b. Monitorprofilerstellung, Lightroom vs Aperture, ...). Et gesait een wéi een matt wéineg Geld kann nach flott Studiofotoen maan an villes méi. Fir 50eur wierklech super, kann et nemmen empfehlen.
Unsech ideal fir Leit déien sech derfir interesséieren an awer nach keen Studio hun, einfach fir mol eng kéier ze kucken wéi daat ganzt ass.
Et waar och nach Aktfotografie derbai, also vun allem. An se haaten eng 1D Marke III do leien - hun fonnt déi lait gudd an menger Hand ee richtegt Schmucksteck.
Huch? Haat geduercht ech hätt mech onbeobacht gefillt wou ech den Burst probéiert hun - iwer 100 Fotoen an Serie, daat klengt immens gudd
Hun nach eng Foto matt der Mark III mee leider guer nix interessantes an naischt wou een elo kann bewonneren. Hätt se sollen probéieren während engem Shoot.
woah!den workshop do rockt!do kent joh en hihlight nom anren!!
dei hai gefellt mer bis lo am beschten!wierklech schenial beliischt (geet an rischtung high-key)an dei schwarz kleeder man en super kontrast!
den blekk gefellt mer ganz gudd!as wei yoshi seet eps zwescht neutral an beisss... gefellt!
(den schied um wutz as mir net opgefall...lait awa eischta dorun dass ech net wierklech eps fun studiofotografie kennen, respktiv se o sou schons scheenial fannen....)
Jo waar schon geduercht bessi an Richtung High-Key ze goen. Mee iwerdréiwen et net, well ech net wees wéi ech et am "Very-High-Key" soll maan
Ech hun graad gemierkt wiesou mir den Schied net esou opgefall ass, am Photoshop an am Lightroom ass den Hannergrond net wäiss, do fällt engem et dann net esou op :o)
Wann een d'Foto hei am klengen kuckt, fällt et och nach net esou op wéinst dem méi donkelen Border vum Site.
Den Gerry hued et awer eng kéier dozou bruecht eng Domheet ze maan an hued et och festgehaal Mee deen hued mengen ech a Moment sugudd wéi iwerhaapt keng Zait méi.
Jo mee léiwer an der Këscht leien wéi permanent ugestrengt um Stull ze henken