dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
|
|
dude! dei diskussioun as wei en epilepteschen anfall vun der pg-community. et kennt reegelmeisseg op an dann kennen verschiddener sech eben net zreckhaalen.
waarscheinlech muss een daat och akzepteieren sou laang wei et dei regel gett. et geet jo emmer iergendwann eriwwer...
|
|
21.01.2012 12:48 |
|
|
pitchul
Mitglied
Dabei seit: 14.08.2007
Beiträge: 27
|
|
|
21.01.2012 20:06 |
|
|
Miisamm
Mitglied
Dabei seit: 22.02.2010
Beiträge: 40
|
|
RE: probleme bei engem Refus |
|
Huch... hun zwar näischt mam bewertungssystem ze dinn, mee propper sin dei Biller op allefall... Vläit fehlt den "artisteschen" aspekt fir op Photogen... Ech fannen se ganz gudd.
|
|
21.01.2012 20:16 |
|
|
pitchul
Mitglied
Dabei seit: 14.08.2007
Beiträge: 27
|
|
proble ass, ze sin alle 2 fier dei dooten green refuseiert gin :
Déi optesch Qualitéit muss stëmmen Déi optesch Qualitéit muss stëmmen Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi: D'optesch Qualitéit vum Bild ass leider ze schlecht. Dëst kann geschéien duerch d'änneren vun der Gréisst mat Software.
An der Foto sollt eng Idee ze erkennen sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi: Et feelt eng speziell Idee an der Foto respektiv während der Ëmsetzung. Probéier nächst Kéier virun der Foto genee ze kucke wat s de wëlls ausdrécken, an dann gëtt d'Resultat och méi flott. Vläicht ass d'Idee einfach schwéier ze erkennen an se misst kuerz am Kommentar bei der Foto erklärt ginn
Se sollt en iwwerluechtenen Bildopbau hunn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi: Et sollt ee sech Gedanken maachen wéi den Opbau vum Bild sollt sinn. D'Motiv ass vläicht matzen an d'Mëtt gesat ginn wat net gutt ass fir de Bildopbau
D'Motiv däerf net einfach "offotograféiert" sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi: Eng Foto déi een erop lued sollt kreativ gestalt sinn, wann een awer d'Motiv vun engem aner Fotograf ouni eegen weider nei Idee weist, dann geet dat leider net duer.
Do sin ech awer net d'accord, dovir frohen ech op een probleme mat system ass
Manu
|
|
21.01.2012 20:22 |
|
|
gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
et deet mir leed, mais am Vergleich waat ech an der leschter Zeit hei gesein hunn,
verstinn ech net wiesou déi net akzetpéiert gouf....!
Just meng Meenung.
|
|
21.01.2012 21:07 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
Et as keen Problem mam System!
Mir sinn secher das DU daat besser kans an och schon gewiesen hues! an ech hoffen hells daat elo net schlecht op !
mbG
|
|
21.01.2012 22:49 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Bei dëse Fotoen waren d'Voten verdeelt, also war net eestëmmeg, déi optesch Qualitéit huet awer trotzdem hei naischt verluer well déi ass tiptop denken ech, souwéi oh de läschte Grond, past hei net, do huet just vlaicht ee sech verklickt, kann ech sou direkt net soen. Déi aner zwee sinn awer déi déi passen - och wann een deng Fotoen sécher net als schlecht bezeechne géif, feelt dach bëssen dat kreativt drann
__________________ 404 - Not found
|
|
21.01.2012 23:00 |
|
|
pitchul
Mitglied
Dabei seit: 14.08.2007
Beiträge: 27
|
|
Johny,
Merci fier deng Antwert, sin awer en ganzen bessen enttäscht. Et sin zwar meng eischt Refueen, mee aewer
Neischt geint den Charly_Ente, sorry fier hien, mee daat doten Beispill ass awer récent.
http://www.photogen.lu/view.php?id=61529
Ongefeier d'selwecht Foto, awer komplet "verbrannt"
Mee bon, ass net schlemm, ech wees waat et ass een "screener" ze sin, sin et selwer op jetphotos.net
Komm, machen erem Fotoen
Amicalement
Manu
|
|
21.01.2012 23:35 |
|
|
Miau
Mitglied
Dabei seit: 21.01.2009
Beiträge: 25
|
|
Pitchul, Deng Antwert gefällt mir, bravo, so soll een es ophuelen :-))
|
|
22.01.2012 11:23 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech kann der sécher net onrecht ginn, me du weess och selwer dass de dat vill besser kanns. Trotzdem freed et eis och mol Leit ze hunn déi awerganz verstänneg iwwert e Refus kënnen diskutéieren, merci dofir
__________________ 404 - Not found
|
|
22.01.2012 13:15 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
Ech hun nix dergéint wann eng Kéier eng Foto refuséiert get. Ech reegen mech just emmer iwer Begrennung op, also villméi iwert den Text. Well en esou Allgemeng ass an spezifesch op Foto bezunn. Als beispill: " Motiv soll net einfach ofphotographéiert sin". Wat soll ech mat esou eng Begrennung unfänken, zumols bei Fotoen vun Déieren. Et schéint mer get einfach ungeklickt. Een perséinlchen Kommentar vun dem wou se net ungeholl huet wär heinsdo mei hellefreich. Zumols well een do kéint een Tipp dobei schreiwen wei een et kann besser maachen. Et ass jo och een ziel vun Photogen dass Useren sech duer Kritik kennen verbesseren.
MbG.
Luc
|
|
23.01.2012 16:29 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et sinn och fäerdeg Grënn déi ugeklickt ginn, ma wéi schonn esou oft gesot: Dass et Riichtlinne ginn op déi mer genee oppassen ass vu user virgeschlo ginn (Dass jidderee weess wat mer dann bewäerten), d.h. beim refuséieren muss gezwongenerweis och mat ugi sinn wéieng dovun net passt.
Iwwerall e Kommentar derbai schreiwen hate mer virdrun, an dat kascht eis enorm vill Zäit an Nerven, an vu dass kee vun eis e Su kritt fir déi Aarbecht an Zäit déi drop geet, ass dëst dee beschte Mëttelwee
Johny
__________________ 404 - Not found
|
|
23.01.2012 16:33 |
|
|
TomEwert
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
bazooooooooooooooooooooka
fir déi déi et brauchen
ass dach onwarscheinlech emstaendlech daat dengen do. 6 kilo schleefen xD plus d'stativ dats du na dofier brauchs ... ouni mech
fir waat brauchs du daat dengen wann ech froen dierf?
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
24.01.2012 15:44 |
|
|
pitchul
Mitglied
Dabei seit: 14.08.2007
Beiträge: 27
|
|
Zitat: |
Original von TomEwert
bazooooooooooooooooooooka
fir déi déi et brauchen
ass dach onwarscheinlech emstaendlech daat dengen do. 6 kilo schleefen xD plus d'stativ dats du na dofier brauchs ... ouni mech
fir waat brauchs du daat dengen wann ech froen dierf? |
Vier Fotoen ze machen
Dei dooten Foto hät ech ouni den Bazooka net machen kenne
http://jetphotos.net/viewphoto.php?id=7297689
Manu
|
|
24.01.2012 15:53 |
|
|
TomEwert
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
jo o.k fir deen genre photographie ass et absolut ze gebrauchen.
mais soss am alldag éischter onpraktesch oder?
mais ech mierken grad ech sin hei ziemlech offtopic momentan ennerwees.
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
24.01.2012 17:23 |
|
|
pitchul
Mitglied
Dabei seit: 14.08.2007
Beiträge: 27
|
|
Ech benotzen se jo och net all daach
Mee mier kennen jo privat weider schwätzen wann te welst
Manu
|
|
24.01.2012 18:06 |
|
|
kokopelli
Grünschnabel
Dabei seit: 02.01.2012
Beiträge: 3
|
|
Luc,dir gin ech vollkommen recht,zemol fir ufänger wir dat 100% besser.
"Ech hun nix dergéint wann eng Kéier eng Foto refuséiert get. Ech reegen mech just emmer iwer Begrennung op, also villméi iwert den Text. Well en esou Allgemeng ass an spezifesch op Foto bezunn. Als beispill: " Motiv soll net einfach ofphotographéiert sin". Wat soll ech mat esou eng Begrennung unfänken, zumols bei Fotoen vun Déieren. Et schéint mer get einfach ungeklickt. Een perséinlchen Kommentar vun dem wou se net ungeholl huet wär heinsdo mei hellefreich. Zumols well een do kéint een Tipp dobei schreiwen wei een et kann besser maachen. Et ass jo och een ziel vun Photogen dass Useren sech duer Kritik kennen verbesseren."
mbg nach en Luc
|
|
24.01.2012 20:54 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
@ Johny: Ech kann verstoen dass dat ierch hei bei Photogen.lu vill Zeit an Nerven kascht. Mee fir éierlech ze sinn wees ech och keng Léisung fir dass der dat bei all refuséiert Foto kennt maachen. Weivill Fotoen ginn dann sou an der Moyenne hei bei Photogen pro Daag refuséiert?
Et ass einfach schued, dass et net dran ass fir do méi een spezifeschen Kommentar bei all Foto ze schreiwen, well een jo eigentlech bei denen méi schlechten Fotoen am Meeschten op seng Fehler kéint hingeweisen AN och konkret verbesserungsfirschléi kéint kréien.
Vlait sidd dier jo iergendwann grouss genuch dass dat kann emgesat gin
|
|
25.01.2012 13:16 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Doriwwer hun ech direkt keng Statistik, mee et ass och oft ganz ënnerschiddlech, also et kann mol keng sinn, et kënnen der och 15 sinn
Déi aktuell Léisung ass schonn en Mëttelwee tëscht dem wat fir eis méiglech ass an fir d'Memberen gutt (hierer eegener Meenung no).
__________________ 404 - Not found
|
|
25.01.2012 14:21 |
|
|
|